lb fr pt en
Sonndesmass  
2. November 2023

D’Mass um 31. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen

De 5. November gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter Peppeng iwwerdroen. D’Choralle vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng hu mam Dirigent Jean-Claude Thilges gesongen, begleet op der Uergel vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng

Des Tëleesmass gëtt vun den dräi Choralen aus der Par Kayldall Notre-Dame des Mineurs gesongen. Et sinn dëst d’Chorale St Pie X Kayl, déi dëst Joer hiere 50. Gebuertsdag feiert, d’Chorale Ste Cécile Téiteng an d’Chorale Ste Cécile Rëmeleng.
Si fannen sech ëmmer nees zesummen fir di gemeinsam Gottesdéngschter musikalesch ze begleeden.
Zënter 1985 ass de Jean-Claude Thilges Dirigent vun der Chorale St. Pie X Kayl.
D’Prouwen sinn all Mëttwochs um 19.30 Auer an der Kayler Kierch.

140 Joer „Klouschter Peppeng“

Nach der Messe lädt der Freundeskreis vom „Klouschter Peppeng“ Sie alle ein, um die 140 Jahre der Gründung des Klosters mit zu feiern:

10:15 Kaffee und Kuchen
11:15 Concert-Apero
12:15 Mittagessen
Animation
15:30 feierliche Benediktinervesper

Der Freundeskreis freut sich auf Ihren Besuch!

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Improvisatioun iwwer d’Agangslidd Romain Ludwig
Agangslidd Deutsche Messe Michael Haydn
Kyrie Herr, erbarme dich LD 135
Gloria Deutsche Messe Michael Haydn
Tëschegesang O allerhöchste Speise Johann Sebastian Bach
Alleluia Alleluia LD 208
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Deutsche Messe Michael Haydn
Sanctus Deutsche Messe Michael Haydn
Anamnes Geheimnis vum Glawen LD 264
Agnus Dei Er ist das Brot Lorenz Maierhofer
Kommiounslidd Deutsche Messe Michael Haydn
Schlusslidd I’m Dreaming of Home Philippe Rombi
Uergel: Sortie Allegro vivo e maestoso Dom Paul Benoît

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu