lb fr pt en
Sonndesmass  
10. Februar 2022

D’Mass um 6. Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 13. Februar gëtt vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Organist a Virsänger ass den abbé Joël Santer. Op der Uergel spillt och d’Katarína Strajtova. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass vun Habscht

Op dësem 6. Sonndeg am Joreskrees feiere mer d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht. Mir wëllen dës Mass mat ville Mënschen feieren, besonnesch mat deenen Eeleren, Kranken an déi, déi sech alleng fillen.
All si mer um Wee, egal wou mer äis befannen. Duerch d’Technik gi mer matenee verbonnen, fir den Härgott ze éieren, an äis géigesäiteg Courage ze maachen op eisem Wee.
Duerfir soll eise Merci och all deene gëllen, déi dës Mass méiglech maachen: déi Veranwortlech an och d’Techniker, déi meeschtens am Hannergrond wierken. Och wa mer si nët gesinn oder héieren, sou leeschten si dach och ee groussen Déngscht bei der Verkënnegung. An do mierkt een erëm: zesummen ass villes méiglech, grad an och an der Kierch.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd
Agangslidd Écoute la voix du Seigneur LD 73
Kyrie Seigneur, prends pitié Magn. 951
Gloria Gloire à Dieu, au plus haut des cieux Magn. 961
Alleluia Alléluia
Credo gebiet
Gowelidd Nimm, o Herr, die Gaben, die wir bringen LD 235
Sanctus Saint! Saint! Saint, le Seigneur Magn. 969
Agnus Dei Agneau de Dieu Magn. 975
Kommioun Aus: Kleine Präludien und Fughetten – N° 3 J.S. Bach*
Schlusslidd Segne du, Maria LD 528
Sortie Fuga G moll BWV 578 J.S. Bach

* Organistin Katarína Strajtova

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu