lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 5. Mäerz gouf vu Clierf iwwerdroen
De 5. Mäerz gouf d’Sonndesmass vu Clierf iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Clervaux gesong, Dirigent war den Erik Schmidt, Organistin d’Anne Weis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Clervaux
De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 36 aktiv Memberen, 18 Dammen an 18 Hären. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d’Anne Weis ass d’Organistin. Mir sangen d’Mass um Sonndeg an op de kierchleche Feierdeeg, bei Begriefnisser an fir Hochzäiten. All 2 Joeren steet bei eis e Chrëschtconcert op Stiefesdag um Programm. Dëst Joer feiern mir eisen 125. Geburtsdag. Mir prouwen ëmmer donneschdes a bei eis ass jidderee wëllkomm fir matzesangen.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Festival Fanfare | Noël Rawsthorne |
---|---|---|
Agangslidd | Lumière des hommes | Wackenheim/Martin |
Kyrie | Missa simplex | Piet Stalmeier |
Gowelidd | Du bist das Licht der Welt | Helga Poppe |
Sanctus | Missa simplex | Piet Stalmeier |
Agnus Dei | Missa simplex | Piet Stalmeier |
Kommioun | Je suis votre pain | Décha/Martin |
Schlusslidd | Aufsteh’n, aufeinander zugeh’n | Bittlinger/Schulz |
Sortie | Choralfantasie | Dietrich Wierczeyko |
- Archiv
- Um 3. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vu Clierf iwwerdroen
- D’Mass um 31. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf de 7. August vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass um 33. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Colmer-Bierg iwwerdroen
- D’Sonndesmass vum 1. Mee gouf vu Weiler zum Tuerm iwwerdroen