lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Siren iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 14. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vu Siren iwwerdroen. D’Chorale Municipale Schëffleng huet ënnert der Leedung vum Damien Sagrillo gesongen, op der Uergel huet den Daniel Lang begleet.
Chorale Municipale Schëffleng
D’Chorale Municipale vu Schëffleng huet 2014 hiren honnertste Gebuertsdag gefeiert. Iwwer all déi Zäit, a bis haut ass se e Männerchouer bliwwen, mat Ausnam vun den Opbaujoere nom Krich bis 1953, wou se eng Fraesektioun an d’Liewe geruff hat an zousätzlech och als gemëschte Chouer opgetratt ass. Och haut nach séngt se op hirem traditionelle Wanterconcert zesumme mat de Minettsro’sen, dem 3. Schëfflenger Chouer, en Däl vum Programm a gemëschter Formatioun. Obwuel d’CMS e weltleche Chouer ass, hëlleft se awer och bei grousse kirchlechen a nationale Festlechkäten, wéi z.B. de Nationalfeierdag oder d’Oktav, dem lokale Kierchechouer de Gottesdéngscht ze verschéineren. Den Damien Sagrillo dirigéiert de Chouer elo zënter 23 Joer. Als weider kulturell Aktivitéit vun der CMS ass den Theater ze ernimmen, deen all Joer déi 2 läscht Weekender am Januar um Programm stät.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | ||
---|---|---|
Agangslidd | Morgengebet | Laurent Menager / v. Eichendorff |
Kyrie | Messe in A-Dur | Laurent Menager |
Gloria | Messe in A-Dur | Laurent Menager |
Alleluja | Adaptatioun aus engem Gloria | Laurent Menager |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maris Stella | Laurent Menager |
Sanctus | Messe in A-Dur | Laurent Menager |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe in A-Dur | Laurent Menager |
Kommuniounslidd | Ave Maria | Arcadelt |
Schlusslidd | Gottes Macht und Vorsehung | L.v. Beethoven / Chr. Gellert |
Sortie: Uergel |
Chouer: Chorale Municipale Schëffleng
Dirigent: Damien Sagrillo
Organist: Daniel Lang
- D’Tëleesmass vum 30. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen
- D’Sonndesmass um 2. Ouschtersonndeg gouf vu Pënsch iwwerdroen
- D’Mass op Pällemsonndeg gouf aus der Kierch vum Houwald iwwerdroen
- D’Mass vum 26. Mäerz gouf vu Berdorf iwwerdroen
- D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire agricole vun Ettelbréck iwwerdroen