lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Stroossen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 15. Januar aus der Kierch vu Stroossen iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Stroossen stoung ënnert der Leedung vum Jean Wagner, op der Uergel huet de Claude Clement begleet.
Klengen Historique vun der Chorale Sainte Cécile Stroossen
D’Chorale Sainte Cécile Stroossen gouf gegrënnt am Joer 1929 als Männerchouer. Donieft huet zu Stroossen nach eng Chorale fir jong Meedercher bestan. Wéi déi 1965 opgehalen huet, sinn déi jonk Dammen Member ginn an der d’Chorale Sainte Cécile Stroossen, déi vun do un als gemëschte Chouer opgetratt ass.
Als Dirigenten hunn ënner aneren hei gewierkt: den Här Gustave Schmidt (1958-1979), den Här Jean Schumacher (1979-1987), den Här Francis Reitz (1987-1997), den Här Marc Camy (1997-1999), den Här Jean Thill (1999-2002), d’Madame Sylvie Serra-Jacobs (2002-2005), d’Madame Danielle Kohll (2005-2012), den Här Thomas Raoult (2012-2014). Säit dem September 2014 gëtt d’Chorale vum Här Jean Wagner dirigéiert.
D’Chorale trëtt esouwuel kierchlech wéi och weltlech op. Si spillt all Joer Theater an dat schonn zënter iwwer 30 Joer.
Am Joer 1993 huet d’Chorale och e Kannerchouer, d‘„Hueflachspatzen“ gegrënnt, deem seng Memberszuel zënterhier tëschent 18 a 45 Kanner variéiert huet. Dëse Chouer hat scho vill Optrëtter an huet och schonns verschidden CDen opgeholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Praeludium et Fuga D-Dur | Johann Gaspar Simon |
---|---|---|
Agangslidd | O Jubel o Freud | |
Kyrie | Kyrie | Taizé |
Gloria | Les anges dans nos campagnes | |
Alleluja | Alleluia | Taizé |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Virgin Mary had a baby | |
Sanctus | Messe 3 voix | Charles Gounod |
Vater unser | Eise Papp am Himmel | J. Schutz |
Agnus Dei | Deutsche Messe - Mein Heiland, Herr und Meister! | Franz Schubert |
Kommiounslidd | Orgue: 2 Élévations en sol | Dom Paul Benoit |
Deutsche Messe - Herr, Du hast mein Fleh’n vernommen | Franz Schubert | |
Schlusslidd | Deutsche Messe - Anbetend deine Macht und Stärke | Franz Schubert |
Uergel: Sortie | Allegro Vivo e Maestoso | Dom Paul Benoit |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Stroossen
Dirigent: Jean Wagner
Organist: Claude Clement