lb | fr | pt | en |
Um 3. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vu Clierf iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 20. Mäerz gëtt vu Clierf iwwerdroen. Et séngt d’Chorale vu Clierf. Dirigent ass den Erik Schmidt. Op der Uergel spillt d’Anne Weis-De Jong. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De Clierfer Gesangveräin
De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 36 aktiv Memberen, 19 Fraen an 17 Männer. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d‘Anne Weis-De Jongh ass d’Organistin.
Mir sangen d’Mass um Sonndeg an op de kierchleche Feierdeeg, bei Begriefnisser an fir Hochzäiten. Dëst Joer steet bei eis op Stiefesdag e Chrëschtconcert um Programm. Mir prouwen ëmmer donneschdes a bei eis ass jidderee wëllkomm fir matzesangen.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Präambulum | J.E. Kindermann |
---|---|---|
Agangslidd | Peuple de lumière | C. Singer / J.P. Kempf |
Kyrie | Messe de la Réunion | L. Grzybowski / J. Akepsimas |
Gloria | - | - |
Zwëschegesang | Comme un souffle fragile | P. Jacob / G. De Courrèges |
Alleluia | - | |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Seid fröhlich Ihr Christen | D. Strauch / K. Heizmann |
Sanctus | Messe de la Réunion | L. Grzybowski / J. Akepsimas |
Anamnes | L’Amour a vécu | P. Goeseels Arr. Anne Weis-De Jongh |
Agnus Dei | Messe de la Réunion | L. Grzybowski / J. Akepsimas |
Kommioun | Prenez et mangez | A. Broeders |
Schlusslidd | Dich Gott und Vater loben wir | L. Bourgeois / J. Bonfils |
Sortie | Toccata in g | J. Pachelbel |