lb fr pt en
Jahr C (2021-2022)  
5. Mee 2022

Wéi den Hiert esou seng Häerde …

Kommentar zum 4. Ostersonntag von Charles Bremer (8.5.2022)

Léif Chrëschten,

d’Evangelium vun dësem Weekend gëtt dem Sonndeg och säin Numm. Et ass den Sonndeg vum Gudden Hiert. Dëst Bild vum Gudden Hiert bleift eng beléiften Duerstellung fir den Kanner mee och fir den Erwuessenen ze erklären wien den Jesus war. Et bleift awer dacks nëmmen bei dem Äusseren ouni esou richteg an d’Häerz vum Jesus eran ze kucken. Mir mussen als Kierch oppassen dass mir den Jesus net an eng Roll erastiechen esou wéi mir se mengen verstanen ze hunn. Oder besser gesot, esou wéi mir hien gären hätten. Oft vereinfache mir hien als den Hiert deen sech ëm seng Schof këmmert - jo mee mécht dat net all Hiert?

Den Jesus seet selwer vun sech dass hien den Gudden Hiert ass. Am Bild vum « Gudden » Hiert versicht hien senger Jünger a Frënn deemools ze erklären, wat eigentlech seng Beruffung a firwat hien op d’Welt komm ass. Dräi Besonneschkeeten déi den Gudden Hiert auszeechnen sinn den Zesummenhalt, d’Leeden an d’Sichen. Den Ënnerscheed zum konventionellen Hiert ass, dass him all eenzelt Schof wichteg an wäertvoll ass. Doranner weist hien wéi grouss d’Léift vum Härgott zu den Mënschen ass. Besonnesch fir déi Schof déi duerch iergend eng Aart a Weis sech verlueren hunn, déi sech vun der Gemeinschaft getrennt hunn, déi sech veriert hunn. Besonnesch déi huet Gott gären. An dat wichtegst ass, hien geet esou wäit dass hien säin Liewen higëtt, fir dass mir liewen kënnen. Een gréisseren Beweis vu senger Léift zu eis Mënschen kann Gott äis net ginn.

Den Jesus huet eng Affinitéit zu jidder eenzelt Schof, hien kennt eisen Numm an hien rifft äis beim Numm mat enger Stëmm déi unzitt, mat enger Stëmm déi äis seet - « Ech hunn ech gären, ech si frou mat dir » -. Esou baut hien eng besonnesch Relatioun mat äis op. Op Grondlag vu Léift an Vertrauen. Eis Äntwert doropper wär dann op seng Stëmm ze lauschteren an him ze vertrauen. Besonnesch an deenen Liewenssituatiounen wou mir eng Orientéierung brauchen an net wëssen wou mer sollen higoen. An deenen Momenter ass hien eisen perséinlechen Gudden Hiert. Dëst ass méi wéi nëmmen een gudden Frënd oder eng gutt Frëndin.

Loosse mer op dësem Sonndeg duerfir ganz besonnesch op seng Stëmm lauschteren, dëst als Bëscheef, Priister, Diakonen, Gleeweger, jo als Gedeeften. Gi mer als Kierch den Wee vun Gemeinschaft, wéi d’Schof ronderëm den Hiert, a loosse mer äis duerch hien féieren. Léieren mer och vum Gudden Hiert fir selwer eng Gutt Gemeinschaft ze ginn. Wou mer och een op deen aneren lauschteren, deem aneren seng Stëmm wouer huelen an akzeptéieren. Mee awer och hëllefen ze leeden an dat nees erëm ze sichen wat verlueren gaangen ass. Den Jesus seet am Schlusssaz dass hien eens ass mat sengem Papp. Esou sollen mir mat him an ënnert een aneren, eens sinn. D’Eenheet an der Kierch géif eis dann alleguerten zu enger besonnescher Häerde maachen esou wéi den Härgott se wollt hunn.

Iech all een schéinen an frouen Sonndeg gewënscht.

Charles Bremer, Paschtouer

Charles BREMER
charles.bremer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu