lb fr pt en
Beruffungen . Vocations  
18. Abrëll 2018

Mat grousser Freed ginn ech an dësen Déngscht eran

E Wuert vun de Priisteramtskandidaten Jacques Bruns an Tristan Häcker am Virfeld vun der Priisterwei den 28. Abrëll

De Jacques Bruns an den Tristan Häcker no hirer Diakonewei 2017.

„…aus den Menschen ausgewählt und für die Menschen eingesetzt…“ (Hebr 5,1)

No laange Jore vun der Ausbildung an der Virbereedung, ass elo de Moment komm. Den 28. Abrëll weit eisen Här Äerzbëschof mech an e weidere Matbrudder zu Priister. Et kinnt een elo mengen, d’Priisterwei wier de groussen Ofschloss vun eppes, op dat ee wärend Joren higeschafft huet. Mee ganz esou ass et awer net. Et ass en neien Opbroch, eng weider Etapp op engem Wee.

Priister ass een net fir sech selwer. Priister ass een och net fir d’Kierch. Priister ass een an éischter Ligne fir d’Mënschen, déi engem uvertraut ginn. Den Hebräerbréif beschreift dat ganz gutt: Déi Männer, déi Gott fir säi priisterlechen Déngscht auswielt, rifft en do wou e se grad fënnt. Si mussen net aus enger iwweraus frommer oder dichteger Famill stamen. Gott rifft – och haut nach –, et läit un äis fir ze äntweren. Et läit um Mënsch, ob e Jo oder Nee seet; ob e bereet ass, sech ganz hier ze ginn, fir Anerer do ze sinn.

Dass d’Priisterwei an d’Oktav geluet ginn ass, ass e schéint Zeechen. Et ass wuel déi Zäit am Joer, wou hei zu Lëtzebuerg am meeschte gebiet gëtt. Eis Virfahren hunn d’Muttergottes zur Patréinesch vun der Stad, a spéider och vum Land Lëtzebuerg gewielt. Si soll fir si, fir äis a fir all nofolgend Generatiounen antrieden. Och d’Uleies vun de Priisterberuffunge kënne mir – a solle mir – hir uvertrauen. Grad hir, déi och aus alle Mënschen erwielt gouf a sech fir d’Mënschen agesat huet.

Jacques Bruns

„Weil die Erkenntnis Christi Jesu, meines Herrn, alles übersteigt.“ (Phil 3,8) – dëse Saz aus dem Philipperbréif hunn ech mir als Primizsproch erausgesicht an ënnert dëse Sproch wëll ech mäi priisterlechen Déngscht stellen. Jesus Christus ze erkennen – dat ass op der enger Säit fir mech déi grouss Motivatioun gewiescht, fir de Wee vun der Priisterausbildung elo iwwer déi lescht 7,5 Joren ze goen – well grad an dëse Jore sech Christus mir op sou vill Aart a Weise gewisen huet, datt ech dëse Wee ëmmer ganz zouversichtlich an och mat Freed kënnt goen. Op der anerer Säit ass „d’Erkenntnis" eng Aufgab, eng Wrausfuerderung, déi och fir d’Zukunft bleift an déi eigentlech och ni ophält. An dësem Liewe kann ech Christus nëmme mat menge Mëttelen nofollegen, dat bezéien, wat ech bis elo „erkannt“ hunn, mech op de Wee mat a bei hie maachen, mee wahrscheinlech kann ech hien ni sou ganz erkennen, wéi hie ganz als Mënsch an Härgott ass. Sech mat Christus ëmmer méi verbannen an a senger Nofolleg stoen ass dobäi ganz entscheedend, och wann di ganz Erkenntnis vläicht eréischt am Räich vu Gott ka sinn.

Mat mengem Déngscht als Priister an eiser Äerzdiözes wëll ech och déi Léit, déi mir uvertraut ginn oder deenen ech ka begéinen, op de Wee vun der „Erkenntnis Christi Jesu“ bréngen: an der Verkënnegung vum Wuert vun eisem Härgott, awer och an der Spendung vun de Sakramenter, déi jo Zeechen dofir sinn, dass den Härgott äis ganz no ass, dass hie fir äis dat Gutt, well en äis all op de Wee vun der Nofolleg rifft an och op dësem Wee stäerkt. Mat grousser Freed ginn ech an dësen Déngscht eran a hoffen, datt ech och weiderhin op d’Gebiet vu ville Leit ziele kann, fir dass ech den Déngscht och gutt an am Sënn vun eiser Härgott ka maachen.

Tristan Häcker

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu