lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Elwen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 13. August um 9 Auer aus der Kierch vun Elwen iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Troisvierges huet ënnert der Leedung vum Ferdi Kreins gesongen, op der Uergel huet de Mathy Holweck begleet.
D’Chorale Sainte Cécile Troisvierges
Di Elwenter Chorale hat erëm di gruuss Ier d’Radiosmass vam Sonndig, den 13. August, ze gestalten. An eiser neier Por, d’Paroisse St-François Elwen-Wäiswampich bestin 10 Gesangverenger. Eis Chorale sängt an der Hauptkirrich St. André van Elwen. Si besteet scho mi wi 120 Jor. No allerlee Hikten an Déiften së märr lo na zu 17 Aktiwer, 15 Damen an 2 Männer. Ferdi Kreins, eisen Organist, prouft mat eis. D’Sonndesmassen, d’Fester an di anner Dingster dirigéiert André Pletsch a Ferdi begleet mat der Uargel. Eis historisch Barock Uargel ass iwrigens di älst aus dem Land (1660). Di gruuss Festdeeg sange märr ëmmer véierstëmmig. Fir de Nationalfeierdag, d’Journée de la Commémoration Nationale, d’Firmung asw. hëllefen daks Sängerinnen a Sänger aus der Nopischverénger (Huldang, Wilwerdang, Chorale Dos Anjos, de Jugendchuer Adesso).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Praeludium in C BWV 547 | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilate Deo | J.P. Schmit |
Kyrie | Messe brève No 7 | Charles Gounod |
Gloria | Gloire à Dieu | Vincent Hubert, arr: P. Colombo |
Alleluja | Alleluja à 4 voix | Anonyme |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Couronnée d’étoiles | M: M. Danneau; T: A. Dumont |
Sanctus | Messe brève No 7 | Charles Gounod |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe brève No 7 | Charles Gounod |
Kommuniounslidd | Herr, deine Liebe ist wie Gras und Ufer | M: Lars Ake Lundberg, T: Ernst Hansen |
Schlusslidd | Du bist mein Gott, und ich danke dir | M: Lorenz Maierhofer, T: nach Psalm 118,28-29 |
Sortie: Uergel | Fuga in D BWV 565 | J.S. Bach |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Troisvierges
Dirigent: Ferdi Kreins
Organist: Mathy Holweck
- D’Sonndesmass gouf vun Noumer iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Housen iwwerdroen
- D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf de 27. Juni vun Habscht iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um zweeten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sondesmass um 5. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beetebuerg iwwerdroen