lb | fr | pt | en |
Mat dir, gutt Mamm, si mir räich beschenkt
Meditatioun vum Monique Hermes
Ave spes nostra – sief gegréisst, du eis Hoffnung,
Mamm vum Erléiser, Patréinesch vu Lëtzebuerg!
Bei däi Bild pilgere mir als Vollek vum Härgott:
Kanner, Jonker an Aler, Gesonder a Kranker, Frouer an Traureger...
Mir komme bei dech an enger hektescher Zäit:
Schenk äis Momenter vu Stëllt,
fir datt mer eist Zil net aus den A verléieren.
Mir komme bei dech an enger onroueger Zäit:
Gëff, dass mer d’Rou an d’Iwwersiicht behalen,
wann de Wand och an der Kierch méi zolitt bléist.
Mir komme bei dech an enger ongewësser Zäit:
Looss äis an der Gewëssheet liewen,
datt mer eng Stäip hunn, wann et drop ukënnt.
Mir kommen awer och bei dech mat engem Häerz voll Hoffnung:
Hëllef äis, datt mer zesummen en neien Opbroch woen,
als Kierch vu Jesus Christus zu Lëtzebuerg.
Muttergottes, Tréischterin am Leed,
trei Beschützerin a staark Vermëttlerin,
bleif äis no op eisem Pilgergank duerch d’Liewen.
Helleg Maria, Gottesmamm, Patréinesch vu Lëtzebuerg,
Sief eis onermiddlech Begleederin um Wee zu dengem gëttleche Jong.
Ave spes nostra – sief gegréisst, du eis Hoffnung!
Mat Dir, gutt Mamm, si mir räich beschenkt vum Papp am Himmel!
Monique Hermes
Meditatioun fir d’Oktavmass vun der Par Musel a Syr Saint-Jacques, freides, de 4. Mee 2018
- Das Oktavbild des Tages . L’image du jour de l’Octave
- Oktav 2016 . Octave 2016
- Oktav 2021 . Octave 2021
- Oktav 2023 . Octave 2023
- Oktav 2024 . Octave 2024
- « Un cierge à Notre-Dame »
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- Eng Käerz bei der Tréischterin
- The Origins of the “Octave of the Mother of God” in Luxembourg
- En neien Ufank woen