Skip to main content Skip to page footer

D’Fest maachen d’Gäscht

Kommentar zum 28. Sonntag im Jahreskreis A - Gérard Kieffer, Member vum Rot vun de Chrëschtleche Kierchen (11.10.2026)

D’Gläichnes, wat mir dëse Sonndeg héieren, kéint eigentlech esou ufänken:

« Mam Himmelräich ass et wéi mat engem Kinnek, dee fir säi Jong eng Hochzäit gemaach huet. Hien huet seng Dénger ausgeschéckt, fir d’Gäscht op d’Hochzäit ze ruffen, a si sinn all komm. An d’Fest huet ugefaang. »

D’Geschicht kéint also esou vill méi kuerz sinn, esou vill méi hell a lëschteg. Mir Gäscht sinn et dach, déi d’Fest maachen!

Mee kucke mir mol fir d’éischt op deen, deen do invitéiert: Wat ass dat fir e Gott - well ëm hie geet et hei - deen eis an dësem Gläichnes virgestallt gëtt: opdrénglech mat sengen andauernden Invitatiounen an op Revanche aus, wou Mënschen sech senge Beméiungen entgéintstellen. Hien brennt och eng ganz Stad nidder an zerstéiert alles, wéi seng Dénger mësshandelt, fortgeschéckt an och ëmbruet ginn. Hien ass onerbittlech, well hien en Invité, deen ouni Hochzäitsgezei komm ass, fesselen an an déi déifsten Donkelheet geheie léisst - ganz sécher e Bild fir d’Hell.

Wa Gott wierklech esou wär, misst een sech virun him ernuet huelen. Wann hien awer net esou ass, mee e Gott vun der Léift, duerch an duerch, wéi solle mir dann dëse bibleschen Text verstoen?

Stellt iech mol vir, Dir selwer géingt op eng Hochzäit invitéiert ginn an Dir hutt keng Loscht fir dohin ze goen. Dir sot aus iergendengem ‘gudde’ Grond of. De Papp, deen d’Hochzäit organiséiert ass awer en haarde Bugger, deen dat net schléckt an um Dag vun der Hochzäit seng Dénger schéckt, déi dann och virun Denger Dir stinn a soen, dass d’Iesse fäerdeg ass an Dir dach gefällegst matkomme sollt.

Dat ass schonn e bësse speziell. Wat fir e Papp wär schonn esou opdrénglech a géif esou wäit goen? An am Fall, wou et virkéim, géif Dir den Dénger dofir schloen oder esouguer dout maachen?

Et geet awer nach weider. Nodeems seng Dénger geschloe goufen an och dout gemaach, huet hien e puer Kläpper erausgeschéckt fir déi ze zerklappen an hir Haiser ze zerstéieren, déi seng Dénger esou schlecht behandelt hunn.

An dann invitéiert de Papp och nach all déi Leit, déi hien op der Strooss fënnt. Et wär dach méi normal gewiescht, einfach am méi klenge Krees ze feieren. Wat un Iessen ze vill ass, kéint e jo nom Fest un déi Aarm verdeelen. Awer nee, si ginn all invitéiert: Aarmer a Räicher, Gudder a Béiser, Frommer a manner Frommer - si sollen all kommen … an si kommen och.

An da kënnt de Papp, fir sech seng Gäscht unzekucken a gesäit een, deen net anstänneg ugedoen ass - wouhier sollt deen och wëssen, dass hie vun der Strooss ewech op e chict Fest invitéiert géif? De Papp iergert sech a léisst e fesselen an erausgeheien an den donkelsten Eck.

A schliisslech freet een sech: wien ass iwwerhaapt de Bräitchemann oder d’Braut? Wien bestit hei wien?

An an esou engem Duerchernee soll een eppes iwwer d’Himmelräich gewuer ginn?

Et gëtt relativ séier kloer, dass et an dëser Erzielung virun allem ëm eis selwer geet, ëm d’Gäscht. Mir sinn invitéiert vu Gott - hei: dem Kinnek - a säin Himmelräich ze kommen an eng gutt Zäit ze hunn. Allerdéngs verlaangt déi Léift, déi Gott de Mënschen erweist och deenen hir Zoustëmmung an eng aktiv Äntwert.

Eng zweet Saach, déi een an dësem Gläichnes gewuer gëtt ass, dass d’Himmelräich fir all Mënsch op ass (egal, wéi mir hien ënnert de Mënsche gesinn) déi sech bereet maachen, déi sech virbereeden, esou, wéi wann se invitéiert sinn a sech prett maachen, fir der Invitatioun ze äntwerten.

Bei aller Generositéit vum Kinnek bleift also fir jiddereen eng Portioun Eegeverantwortlechkeet, ëm déi keen sech drécke kann - an da gëtt gefeiert!

Och an dëser Rubrik

Zwischen Verdammung und Lob der Torheit

Stephan Wahle: Heilige Momente - Gott im Alltag begegnen

Die Seligpreisungen – Aufbruch zu einem erfüllten Leben

N’ayons pas peur d’aimer !