Päischten – d'Fest vun der Befreiung aus all Diktatur
Kommentar zu Päischten vun der Sr Clara-Martine Regenwetter osb (8.6.25)
Eist Klouschter, Hurtebise, huet säin Numm vum Lieu-dit wou et steet, d'Bedeitung ass: „là où heurte la bise“, do wou de Wand dech duerchrëselt. Heiansdo muss een sech waarm undoen, mee ech si gär dobaussen, virun allem wann de besootene Wand bléist. Et ass eng kierperlech Erfarung déi een eenzock an den „hei-an-elo“ katapultéiert. Raus aus de Gedanken ëm alles wat vläicht nach misst gemaach ginn oder sos Iwwerleeungen. Einfach präsent sinn an deem Moment a „sentir la vie de la Vie en soi“ wéi de fréieren Abt vu Ligugé, Jean-Pierre Longeat, géing soen. An esou Momenter gëtt et méi einfach, d'Präsenz vu Gott a sengem déifsten Ënneren wouerzehuelen a seng eegen enk Consideratiounen op der Säit ze loossen. Do wou Gottes Geescht dran ass, gëtt alles wäit a faarweg. Hien ass et deen all Mënsch, op en et elo weess a gleeft oder net, am Déifsten undreift an eis gläichzäiteg mat allen anere Mënschen an der ganzer Schëpfung verbënnt. Eigentlech ass et erstaunlech, datt dee vun deem mir an der Doxologie sangen „l'Esprit qui habite en nos coeurs“ an zalreichen Ëmfroe bei de Gleewegen dee groussen Onbekannten ass, déi gëttlech Persoun, mat der anscheinend déi mannst eppes unzefänke wëssen.
Et kéint ee mengen, datt d'Sendung vum Hellege Geescht wéi en Zeréckkommen an den Zoustand viru Babel wier, deem biblesch-mythologeschen Text, deen d'Verschiddenheet vun de Sprooche erkläre soll. An et ass secher eng Befreiung vun enger Verschiddenheet déi zerstéiert, well d'Fräiheet vum Eenzelnen zur Diktatur fir d'Kollektivitéit ginn ass. Mee beim Tuermbau vu Babel (Gn 11) gëtt gesot, d'Mënschen hätten all eng Sproch geschwat an si hätten all een eenzegt Zil verfollegt: deen Tuerm ze bauen. Och dat wier also quasi eng Diktatur gewiescht: eng Iddi, een Zil, jiddereen denkt a mécht dat selwecht, en Ofwäichen no riets oder lénks gëtt et net, alles ass Mainstream, Individualitéit existéiert net.
Wéi anescht ass do d'Erzielung vum Erofkomme vum Hellege Geescht op d'Jünger an der Apostelgeschicht. Et war net e grousst Feier wat se all ondefinéiert verschlong hätt. Mee et kënnt eng Feierzong op jiddereen erof. Et ass och net esou, datt si dono all déi selwecht Sproch geschwat hätten, nee, jiddereen héiert si a senger eegener Sproch schwätzen an si gi verstan.
Wéi ass déi Evolutioun vun engem Eenheetsbräi zu enger Eenheet an der Diversitéit méiglech? D'Äntwert schéngt mer am Evangelium vun haut ze stoen, wou de Jesus seet: Si quelqu'un m'aime, il gardera ma parole; mon Père l'aimera, nous viendrons vers lui et, chez lui, nous nous ferons une demeure (Jn 14,23). De Mënsch deen säin Häerz fir Gottes Wuert opmécht, gëtt Gott d'Méiglechkeet mat him eng Bezéiung vu Léift anzegoen. Léift ass ganz individuell a perséinlech, intim. Sou kënnt et, datt jidderee Gott an enger ganz perséinlecher Aart a Weis erfiert, datt de Geescht jidderengem dat agëtt wat a senger jeeweileger Situatioun adequat ass an datt doraus en harmonescht Ganzt entsteet, wou jiddereen seng Platz huet.
Wier dat näischt fir eis aktuell sou zerrappte Welt? Loosse mer d'Fënstere grouss oprappen a Gottes Geescht wierke loossen.