Meng Séil waart op Gott méi wéi den Nuetswiechter op de Sonnenopgang … (Ps 129,6)
Kommentar zum 1. Adventssonndeg vum Martine Regenwetter (1.12.2024)
Den Advent, d'Zäit vun der laanger Sehnsucht, dem laange Waarden, lo ass en do. D'Deeg si kuerz, d'Nuechte laang a mir waarden op de Stär, d'Gebuert vu Jesus, net nëmmen am historesche Betlehem, mee och an der ganzer stiermescher Welt, an eisen Häerzer déi Fridde sichen.
D'Wuechtsamkeet an d'opmierksaamt Waarden sinn och generell Charakterzich vun de kontemplativen Uerden. Bei eis zu Hurtebise ass déi éischt Gebietszäit, op d'mannst am Wanter, wann dobaussen nach stackdäischter Nuecht ass. An och no de Vigiles gesäit een dobaussen d'Hand nach net virun Aen. Wann d'Welt an eise Breedegraden nach zu gudden Deeler schléift, maache mir eis op, fir eisen Dag no Gott auszeriichten an Him eis Welt unzevertrauen. Eis Aufgab ass déi, opmierksam ze sinn op dee Gott deen an eis Welt kënnt, ouni virdrun Datum an Auerzäit matzedeelen.
Moies fréi wann d'Lanter virun der Haapt-Entrée un ass, denken ech oft un eng Fra, déi ni bei eis op Besuch oder an der Mass war, mee déi der Communautéit an engem Bréif geschriwwen huet, datt si sou vill Suergen an hirem Liewen hat, datt si gemengt huet, si géing et net packen an datt si dru geduecht huet allem en Enn ze setzen. Mee all Dag ass si an der Däischtert moies fréi op der grousser Strooss laanscht d'Klouschter gefuer fir op d'Aarbecht ze goen an huet d'Luucht brenne gesinn. Dat kléngt Zeechen huet an hier d'Hoffnung op Gott lieweg gehal an huet hier gehollef déi däischter Zäit ze iwwerstoen.
Enges Dages hat ech selwer hei eng Schwëster gefrot, wéi ee mat extrem belaaschtende Situatioune kann eens ginn, hier Äntwert deemools war kuerz a prägnant: „toujours fixer l'horizon qu'est le Christ.“
Am Evangelium schwätzt Jesus vun den Zeeche virum Enn vun der Zäit a rifft eis op: „wann all dat kënnt, da riicht iech op an hieft de Kapp well är Erléisung ass no. (...) Sidd waakreg a biet zu aller Zäit, dann hutt dir d'Kraaft, all dat ze iwwerstoe wat kënnt.“ (Lk 21,28.36) Des Haltung fanne mir an den 2 Liesungen erëm: De Jeremias, deen zu Zäite vun der babylonescher Deportatioun gelieft huet, steet trotz allem fest a sengem Glawen un e Gott dee Gerechtegkeet an d'Welt bréngt, dee säi Vollek rett a säi Wuert vu Gléck realiséiert. De Paulus schreift un d'Thessalonëscher vun deenen hie gefaart hat, si hätten eng Verfollgung net iwwerlieft. Hien hält si derzou un, fest an der Léift zu all Mënsch ze sinn. Wat fir en Zeechnes am Kader vun enger Verfollgung!
An eiser Welt feelt et aktuell och net un Erausfuerderungen a villes kann engem Suergen a souguer Angscht maachen. De Bléck bewosst op Gott riichten, kann eis wéi dem Jeremias an dem Paulus zu enger ënnerer Fräiheet verhëllefen, déi et méiglech mécht, d'Realitéit anescht wéi pessimistesch ze kucken. D'Erwaarde vun deem dee kënnt kann eis onerwaarten Iddien inspiréieren, déi eis weiderféieren an déi fir eis Matmënschen Zeechnes a Liicht sinn. Ech wënschen iech vun Häerzen eng inspiréierend Zäit vun der laanger Sehnsucht!