
WOK 25 (31.5.&1.6.): Appel fir sech anzeschreiwen!
11. Editioun fir um Weekend vun den oppene Kierchen ënnert dem Motto "D’Spuere vun de Seigneuren an de Kierchen".
Léif Leit, déi Dir an äre Poren aktiv sidd, ob als Bénévole oder als Haaptamtlech, oder wann Dir Musiker sidd oder Kiercheguide,
Heimat luede mir Iech häerzlech an, bei der 11. Editioun fir um Weekend vun den oppene Kierchen den 31. Mee & 1. Juni 2025 ënnert dem Motto "D’Spuere vun de Seigneuren an de Kierchen" matzemaachen.
An dozou gehéieren ë.a. Griewer, Epitaphen, Wopen, Schenkungen vun den Adelegen, déi dacks Patréiener vun de Kierche waren. (Selbstverständlech sinn och Kierche wëllkomm, wou et keng esou Spuere gëtt.)
Flott wier et, wann a mindestens enger Kierch vun all Por eng Visitt guidée, eng Ausstellung, e Concert oder e Rallye fir Kanner (zum Theema) kinnt organiséiert ginn.
D'ErwuesseBildung zesumme mam Service Communication et Presse vum Äerzbistum bewerben dann de Weekend wéi gewinnt op nationalem Plang. Mir huelen natierlech och Kierchen an eis Lëscht, déi um Weekend just op sinn.
- Mellt Äer Kierch(en) wgl. bis de 20. Februar un bei oppekierchen@ewb.lu mam betreff WOK 25 APPEL oder
am Sekretariat vun der EwB um Tel. 44 743 340. - De 20. Mäerz ass Redaktiounsschluss fir de Flyer (bis dann brauche mir d'Ëffnungszäiten an de Programm an äre Kierchen).
- Am Prinzip kënnt dir da vum 10. Mee un d’Flyer an d’Affichen an d'Oktavezelt siche kommen.
Dir kënnt Iech gäre bei eis mellen, wann Dir Är Iddi wëllt mat eis diskutéieren oder soss eng Fro hutt.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Pèlerinage en Thaïlande
Quatrième voyage depuis la construction de l'église Saint Willibrord, en 2014. Du 4 au 18 août, suivez ici les jeunes du diocèse.
-
D’Mass vum 17. August gëtt vun Ëlwen iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Vor 100 Jahren starb Ordensgründer Léon Dehon
Der mitgliederstärkste Orden in Luxemburg der Herz Jesu Priester kümmerte sich als erster um die Arbeiterschaft
-
Léiffrawëschdag, en l’honneur de la Vierge Marie
Le 15 août, nous célébrons l’Assomption, la montée de Marie auprès du Père.
-
3 août : messe de clôture du jubilé des jeunes, célébrée par le pape Léon XIV
Du 27 juillet au 3 août, suivez les jeunes du diocèse. Passage des portes saintes, réconciliation, veillée de prière avec Léon XIV...