lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 17. Oktober gouf vu Réiser iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 17. Oktober gouf aus der Kierch vu Réiser iwwerdroen. Et hunn d’Choralen Ste-Cécile Réiser-Krautem ënnert der Direktioun vum Marguerite Thomé-Schlim gesongen an op der Uergel begleet vum Marc Loewen. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Choralen Ste-Cécile Réiser Krautem
D’Chorale Ste-Cécile Réiser-Krautem ass 1902 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1969 ass doraus e gemëschte Chouer entstanen. D’Chorale ass bei alle kierchlechen a weltleche Manifestatiounen am Réiserbann derbäi a bestëmmt esou dat kulturellt Liewen mat. Aktuell sinn et 14 Dammen a 6 Hären, déi ënnert der Leedung vun der Dirigentin, der Mme Marguerite Thomé-Schmit, feierlech Massen a weltlech Concerten net nëmmen am Réiserbann, mee uechter d’ganzt Land sangen. Eis Prouwe sinn all Dënschdes vun 19.30 Auer un am Sall vun der Réiserbänner Harmonie. Jiddereen, dee Freed um Sangen huet, ass bei eis häerzlech wëllkomm.
D’Tëleesmass vum 17.Oktober ass eng CovidCheck Manifestatioun, d.h. d’Leit alleguer, déi un der Mass deelhuelen, solle virun der Mass hiren Impfpass weisen a kontrolléiere loossen, oder si mussen op der Plaz ë Schnelltest maachen.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Sinfonia 3 in D-Dur Bwv 789 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Cantate, sing joy | Joseph M. Martin & Patricia Mock |
Kyrie | Kyrie | Jerry Estes |
Gloria | Gloria | Jerry Estes |
Tëschegesang | Liebster Jesu, wir sind hier | LD 99 |
Alleluja | Nr 4 | Camille Rodenbour (1990) |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Non Nobis, Domine | Sally K. Albrecht |
Sanctus | Festival Sanctus | Victor C. Johnson |
Anamnes | Wir preisen deinen Tod | LD 267 |
Agnus Dei | Agnus Dei | Victor C. Johnson |
Kommiounslidd | Ich will den Herren loben | Dieter Golombek |
Schlusslidd | Wir danken dir | Georges Hews |
Sortie | Präludium a-Moll BuxWV 153 | Dietrich Buxtehude |