lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Ëlwen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 18. August, um 9 Auer aus der Kierch vun Ëlwen iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Troisvierges huet ënnert der Leedung vum Ferdi Kreins gesongen, op der Uergel huet d’Marie-José Hengesch begleet.
Chorale Sainte Cécile Troisvierges
Di Elwenter Chorale hat erëm di gruuss Ier d’Radiosmass vam Sonndig, den 18. August ze gestalten. Eis Chorale sängt an der Kirrich St. André van Elwen, Hauptkirrich van der Por Elwen-Wäiswampich Saint-François. De Veréng besteet scho mi wi 120 Jor. No allerlee Hikten an Déiften së märr lo na zu 17 Aktiwer, 15 Damen an 2 Männer. Ferdi Kreins, eisen Organist, prouft mat eis. D’Sonndesmassen, d’Fester an di anner Dingster begleet heen op der historisch Barock Uargel, iwrigens di älst aus dem Lann (1660). Dann iwerthëlt Pletsch André d’Direktioun. Di gruuss Festdeeg sange märr ëmmer véierstëmmig. Fir de Nationalfeierdag, d’Journée de la Commémoration Nationale, d’Firmung asw. hëllefen daks Sängerinnen a Sänger aus der Nopischverénger (Huldang, Wilwerdang, Chorale Dos Anjos, de Jugendchuer Adesso). D’Foto (Alice Enders) ass van no der Caecilendagmass November 2018.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Präludium mit Fughette | Friedrich Wilhelm Zachau |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | T u.M: Joseph Mohr, arr. J.P. Schmit |
Kyrie | Kyrie byzantin | T: Liturgie M: russische Volksweise arr. P. Colombo |
Gloria | Dir Gott im Himmel Preis und Ehr | T u. M: Nicolaus Decius, arr. P. Colombo |
Alleluja | Alleluia | Marion Michels |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Salve Mater | Marion Michels |
Sanctus | Dir jubeln Engelchöre | Deutsche Singmesse, arr. P. Colombo |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | La paix aura ton visage | Patrick Colombo |
Kommuniounslidd | Lève-toi et marche | T. et M.: Noël Colombier (sur un air de L. van Beethoven) |
Schlusslidd | Du bist mein Gott, und ich danke dir | Musik: Lorenz Maierhofer, Text: nach Psalm 118.28-29 |
Sortie: Uergel | Fughette | Gottlieb Muffat |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Troisvierges
Dirigent: Ferdi Kreins
Organistin: Marie-José Hengesch