lb | fr | pt | en |
Chrëschtdag – en Hoffnungszeechen
Gedanke fir Chrëschtdag
Chrëschtdag ass e Fest,
datt vill Mënschen op der ganzer Welt feieren,
e Fest, dat Mënsche verbënnt:
D’Fest vun der Famill,
d’Fest vun der Léift,
d’Fest vun der Gebuert vu Christus.
Chrëschtdag ass en Zeechen,
datt Gott dem Mënsch begéine wëllt,
net als mächtegen Herrscher,
net als grousse Kinnek,
mä als schwaacht Kand,
deem een Zouwendung a Léift schenkt.
Chrëschtdag ass e Fest,
dat zur Bewegung opfuerdert.
Et ass eng Opfuerderung,
fir bei d’Mënschen ze goen
an hinnen zouzeruffen:
„Fäert net, Gott ass mat iech all!“
Zu Bethlehem
ass dee Gott Mënsch ginn,
fir datt de Mënsch ganz Mënsch sinn däerf,
fir datt de Mënsch e Liicht gesäit,
un deem e sech orientéiere kann,
e Liicht, dat d’Däischtert Meeschter gëtt.
Chrëschtdag ass ëmmer erëm,
wa Mënsche verzeien,
wa Mënsche sech d’Hand reechen,
wa Mënsche Freed schenken,
wa Mënschen Hoffnung fir anerer sinn,
wa Mënsche Gott eng Chance ginn.
Monique Hermes