lb fr pt en
Priedegten  
24. Mee 2019

Bleif bei eis – am Internet an an anere Kommunkatiounsmëttelen / Mt 1, 19-26; Mt 2, 13-14.19-21

Lauschtert a liest déi 12. a lescht Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (24. Mee 2019)

Hiféierung

Wat ass eis Welt haut, wa si net online ass?

Eise Glawe kann all déi nei Kommunikatiounsmëttelen an Usproch huelen. „Den Här, Däi Gott, gären hunn, an den Nächsten ewéi Dech selwer“ dat ass online mat Gott an online mat der Welt ze sinn.

Ech probéieren e puer Gedanke mat op de Wee ze ginn, wéi Internet an aner Kommunikatiounsmëttelen eist Liewe beaflossen a wéi mir si gutt benotze kënnen.
Onbeschreiflech vill Guddes, an och onvirstellbar Geforen.

Mir erënneren eis un alles, wat d’Kommunikatiounsmëttelen eis hëllefe kënnen, eist Liewen an eise Glawe schéin ze maachen a wat fir e Seegen dra läit.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

… Ee Moment! … (Handy umachen) …

Esou léif Frënn, elo sinn ech „online“. Déi meescht vun Iech sinn och alleguer „online“, wann och vläicht net mat alle Schikanen an Avantagen, da wéinstens awer mat dem Handy als Telefon: ëmmer erreechbar, an iwwerall kann ech telefonéieren.

„Wéi dacks hat an dëser Oktav während engem Gottesdéngscht en Handy geschellt?“ …? Uuh! Dat kann engem op d’Nerve goen, wann an der Mass engem säin Handy schellt oder déi gelungenst Melodie zwitschert.

Ech hat emol eng Kéier e Begriefnis gehal (et war zu Fluessweiler), an do huet während der Mass en Handy geschellt, an et huet kee Mënsch reagéiert, et war keen do, deen en ausgemaach hätt. An en huet geschellt a geschellt an et ass mer esou op d’Nerve gaang, datt ech op eemol gesot hunn: „Ma, wann-ech-gelift, deem säi wou et ass, da maacht en dach ëm Gottes-Biddes-Wëllen aus!“ Et huet kee reagéiert, bis op eng Kéier ee vun de Massendénger sot: „Paschtouer, et ass Däin!“ – Penibel!!

Ech ginn zou, datt ech mech mat alle moderne Kommunikatiounsmëttele schwéier dinn, ech hunn z. B. kee Fernseh (dat kënnen d’Kanner a vill Erwuessener net verstoen: „Dat gëtt et dach net! E Fernseh muss een dach hunn, wéi kriss Du d’Zäit dann ëm?“ Esouguer aarm polnesch Geeschtlecher, déi scho virun 30 Joer bei mech koumen, konnten net verstoen, datt ech kee Fernseh hunn.) Ech hunn awer en iPad an en Tablet, mee fir dës Priedegt hei, hunn ech mer vill mussen hëllefe loossen, well et bleift fir mech eng friem Welt.

Bei menger Ëmfro, iwwer wat ech soll an der Oktav schwätzen, do waren den Internet an all aner nei Kommunikatiounsmëttelen och gesot ginn. Mir bauen en neit Gebai fir eise Glawen ze liewen, an – dëst Gebai muss „online“ sinn. Am beschte mat engem décke Glasfaserkabel, déi jo de Moment an eisen Duerfstroosse geluecht ginn.

Ech hat elo grad gesot, d’Kanner kënnen sech net virstellen, datt et alles dat net gouf, mee, éierlech gesot: mir Aler och schonn net méi. Ech hat deslescht am Internet e Video gekuckt, do war eng Fra vun 107 Joer, an déi hat en Handy an huet SMS geschriwwen.

Hei eng traureg Geschicht, déi geschitt ass, wéi et all dat nach net gouf, fir eis ze weisen, wéi gutt datt et haut ass: E Jong aus menger Famill (et sinn 150 Joer hier), hie war net an d’Schoul gaang (deemools war et nach keng Flicht), a wéi hien 18 Joer al war, huet een hien iwwerriet mat an Amerika ze goen. Hien ass matgaangen, a vun do un huet kee méi eppes vun him héieren: kee Mënsch méi! Hie konnt net schreiwen, datt hien ukomm ass, wou hien dru wier, a bis haut ass kee méi eppes vun him gewuer ginn!

Mat Internet, mobil Telefon an anere gudden Erfindunge soll et méiglech sinn, datt kee vun eis verluer geet, mee, datt mer ëmmer méi, ee mat deem aneren a Kontakt bleiwen.

Iwwer Facebook kanns Du mat ville Frënn kommunizéieren, wëssen, wou deen aneren drun ass, wat hie mécht a wéi et him geet. Wéinst dem Internet ass et méiglech, kee Moment mussen eleng ze sinn.

Als Präis ass dann awer ze bezuelen, datt Äert Liewe méi duerchsiichteg gëtt, Du liefs e Stéck op der Strooss, Deng Privatsphär gëtt méi enk. An Amerika ass dat selbstverständlech, bei eis awer, wou mer Hecken ëm eis Propriétéite planzen a Rideauen an d’Fënsteren hänken, do ass dat awer friem. Mir wëllen eis an eiser klenger Privatwelt gutt spieren, besonnesch mir eeler Semester. Also opgepasst, wéi wäit deen aneren an Deng Privatsphär erakucke kann, well hannerwands, wou net jidderee ka schnoffele goen, do hues Du e Raum fir ze wuessen an Dech gesond u Kierper a Geescht ze entwéckelen.

Duerch Cyberkriminalitéit kanns Du ausspionnéiert ginn, an eekeleg mat der Nues bäilafen. Iwwer Twitter kanns Du, grad ewéi den Här Trump, der ganzer Welt kuerz Noriichte ginn, an anerer kënne reagéieren. Du kënns mat Leit a Kontakt, wou s Du virdrun net emol wousst, datt et si gëtt. – Et as natierlech eng Konscht, sech mat 280 Zeechen däitlech auszedrécken, ouni falsch verstan ze ginn.

SMS ass eng formidabel Saach, wat géife mer maachen, wa mer si net hätten? Computerspiller fir Kanner a Grousser, déi hunn eist Liewen och ganz changéiert. Ech kennen eeler Leit an och Kranker, déi stonnelaang um Computer mat der Kaart spillen, Patience leeën. An natierlech Kanner, déi, wéi scho gesot, guer net verstinn, datt een ouni all dëst liewe kann: si sinn domat grouss ginn. Ech hat eng Kéier engem Kand eng al Foto gewisen a do sot ech: „Kuck, dat hei ass Ouljen virun 100 Joer!“ Do huet et d’Foto geholl an ass mat de Fangerspëtzen driwwer gefuer fir se méi grouss ze machen.

Am Bus, am Zuch, iwwerall hu si den Handy, den iPad, kënnen telefonéieren, spillen, Fotoen austauschen an „op Google“ alles nosichen, wat si an der Schoul an och ausserhalb vun der Schoul interesséiert. – A mir Erwuesse ginn jo och net méi domm dervun!

Ech erliewen ëmmer erëm krank Leit, déi am Detail genee wëssen, wat hir Krankheet ass, a verschidde konventionnell oder alternativ Mëttele sichen, fir sech an der Krankheet ze hëllefen. – Et soll een awer och nach bei den Dokter goen.

Ech kéint do nach dausenderlee opzielen, wou mer formidabel Méiglechkeeten hunn, duerch den Internet eist Liewe méi interessant ze maachen an net ze vergiessen, déi 1000de Kach- a Bakrezepter fir all Kiechekueder.

Onbeschreiflech vill Guddes an donieft onfirstellbar Geforen.

Eng Gefor ass, datt mer mat all eise weltwäite Kontakter verléieren, dem Vis-à-vis an d’An a besonnesch an d’Häerz ze kucken. Et gëtt Leit, déi verléieren hir Fähegkeet fir ze schwätzen a fir ze erzielen. Dat ass schued, besonnesch bei de Kanner.

Virun 3 Woche war ech op engem Fest (zu Uewerdonwen). Do war eng Famill mat 2 Bouwen, deen eelste war ëm déi 3 Joer al. Dee klengen Dapp huet geschnësst, hien huet esou vill Saache ronderëm sech an Uecht geholl an zu allem e Kommentar ginn. 100 Froe gestallt, datt déi Grouss dronke gi sinn. Hien huet seng Welt a sech eragesuckelt wéi een, deen iwwerduuschtereg ass. Et war einfach schéin. Hie war nach zimlech vum Computer etc. verschount.

6 Joer dono, wann d’Kanner 8-9 Joer al sinn, an an d’Kateches komme fir d’Kommioun, da sinn der ganz vill, deenen d’Schnësse vergaang ass. Si schwätzen nach fir d’Disziplin ze stéieren, mee, wa si eppes Schéines erziele wëllen, eppes wat si gären hunn a wouvun hiert Häerz soll iwwerlafen, da fanne si keng Wierder méi. Si kënnen net méi richteg erzielen. Schued! Dat hunn zum Deel déi nei Medien an de Fernseh hinne verduerwen. Wierklech Schued! Also: bei Internet, Computerspiller an all aner nei Kommunikatiounsmëttele soll et heeschen: „Esou vill wéi néideg – an – esou wéineg wéi meiglech!“ well et gëtt schonn extra Klinike fir Internetkranker.

Et geet do, wéi beim Alfred Nobel: hien hat den Dynamit erfonnt, fir datt d’Leit et solle méi liicht hu fir d’Fielsen ze sprengen. An d’Leit hu seng Erfindung geholl fir sech géigesäiteg zu Hujjel a Mujjel ze sprengen. Well hien en nobelen, eedele Mënsch war, huet hien den Nobelpräis gestëfft fir déi ze belounen, déi de Fridden erhalen an déi nei Erfindunge gutt gebrauchen.

Nei Kommunikationsmëttele gutt gebrauchen: Do gëtt et och vill schéi Méiglechkeete fir eise Glawen; fir hien ze verdéiwen a fir hie matzedeelen = also ze verkënnegen.

Den Internet gehéiert onbedéngt zu deene Fëllementer, wou mer eist Liewen am Glawen nei opbauen. Et ginn do immens Méiglechkeeten, wou mer am Glawe wuesse kënnen. D’Lëtzebuerger Kierch ass mat „cathol.lu“ och derbäi. Kuckt emol doranner, do kënnt Dir Äre Glawen nei fidderen, der Glawensglouss nei Energie ginn.

Heiansdo soen ech zu de Brautleit oder bei enger Daf: „Wann Dir gären e bësse selwer gestallte wëllt, da kuckt am Internet bei „Mariage“ oder „Hochzeit“ oder „Taufe“, an da fanne vill Leit Texter oder soss eppes, wat zur Feier gehéiert, wat jo dann 10x méi interessant ass, wéi dat, wat den aarme Paschtouer proposéiert.

Dir kënnt bei KTOTV live mat zu Lourdes bieden, sangen a feieren. Vill Foren diskutéiere Liewensfroen, Glawensthemen oder proposéieren Explikatioune vu Masstexter, Liesung an Evangelium. Et gëtt Gebieder, reliéis Musek a Lidder, Bibel-TV an esouguer eis Oktav gëtt iwwer „Live-stream“ iwwerdroen.

Eise gudde Poopst François mécht all Mount e Vidéo mat ganz kuerzen a gudde Gedanken. Et gëtt fir Däin a mäi Glawen dausende gutt Méiglechkeeten: zu Köln gëtt et den Domradio, soss och am däitschsproochege Raum: katholisch.de. Dir gitt net fäerdeg, fir do am Internet gutt Saache fir Äre Glawen ze fannen, eng Saach zitt déi aner no, also: probéiert net süchteg ze ginn!!!

Mee, mee, mee: och do opgepasst! Et gëtt der och am Internet, déi iwwert de Glawe schwätzen a schreiwen, an déi se net méi all hunn. Total matsch an iwwerspaant sinn. Ech trauen Iech zou, wann Der an den Internet gitt fir eppes Reliéises ze kucken, datt Der den Ënnerscheed tëschent deem, wat gutt an opbauend ass, an deem, wat Kabes oder esouguer verréckt ass, erkennt.

De Jouseph hat 3x gedreemt, an do huet den Herrgott him duerch en Engel ze verstoe ginn, wéi hie sech verhale soll. Hien huet dat Richtegt gedreemt, well och am Wakerege säin Denken op den Herrgott hin ausgeriicht war. De Jouseph hat esouguer am Schlof d’Ouere gespëtzt fir dem Herrgott säi Plang gewuer ze ginn.

Mir dierfen den Internet esou gebrauchen, datt eisem Glawen domat vill gehollef gëtt. „Online“ si mat Gott, am Internet an och esouguer ouni Internet – wéi de Jouseph – ka jiddereen „online“ mat Gott sinn.

… Hei ass elo mäin Handy: hutt der och esou een an der Täsch? Dann huelt en elo emol eraus an de Grapp…

An da bieden ech Dech, Äerzbëschof Jean-Claude, all eis Handyen ze seenen – an domat alles, wat nei Kommunikatiounsmëttele sinn, fir datt mer se gutt gebrauchen.

Wann eng Kierch gebaut gëtt, da gëtt de Grondstee geseent: den Internet muss onbedéngt e geseentenen Deel vun deem Fëllement sinn, wou mer an eiser Zäit eise Glawen liewe wëllen.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu