lb | fr | pt | en |
Ech bieden op Lëtzebuergesch
E Kannergebietbuch vum Elly Schmit-Weber
Bei den éditions saint-paul ass 2016 e Kannergebietbuch vum Elly Schmit-Weber erauskomm. D’Buch dréit den Titel “Ech bieden op Lëtzebuergesch”.
Dëst Buch gëtt et net méi an de Librairien. D’Autrice stellt e PDF zur Verfügung, deen Dir hei ukucken an erofluede kënnt.
“No Wierder sichen, Gedanke sënneren, Gefiller an Uecht huelen, Wënsch formuléieren. D’Texter an d’Gebieder vum Elly Schmit-Weber kënne Kanner dobäi hëllefen, fir an d’Gespréich ze kommen, fir am Gespréich ze bleiwen, mat sech selwer a mat deem ganz Aneren.”
Théo Péporté
Dëst Gebietbuch fir Kanner, awer och fir Erwuessener ëmspaant déi ganz Bandbreet vun eisem Glawen: Et presentéiert nieft de chrëschtleche Grondgebieder och Gebieder fir all déi wichteg Evenementer am Liewe vun engem Kand ‒ vu senger éischter Kommioun iwwer d’Firmung bis zum Erwuesseginn ‒ a fir all déi wichteg Fester am Kierchejoer, wéi Advent, Chrëschtdag an Ouschteren.
Elly Schmit-Weber: Ech bieden op Lëtzebuergesch. Kannergebietbuch. Broschéiert, 72 Säiten, 10,5 x 14,5 cm. ISBN: 978-2-87963-997-0.