Pontifikalmass zum Optakt vum Hellege Joer 2025
Sonndeg, den 12. Januar 2025, um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg an um Livestream.
Wéi all 25 Joer feiert d’kathoulesch Kierch 2025 nees en Hellegt Joer. Mam Ritus vun der Ouverture vun der Helleger Paart am Péitersdoum mécht de Poopst Franzikus de Jubiläum 2025 op Helleg Owend, de 24. Dezember 2024, offiziell op. A sengem Verkënnegungsschreiwes “Spes non confundit” (D’Hoffnung enttäuscht net) freet de Poopst, datt d’Ouverture vum Hellege Joer och an alle Kathedralen uechter d’Welt gefeiert gëtt. An eiser Äerzdiözees fënnt eng Pontifikalmass e Sonndeg, den 12. Januar 2025, um 18 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg statt. De Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert all Gleeweg häerzlech un dësem wichtege Moment am kierchleche Liewen deelzehuelen. D’Hellegt Joer steet ënnert dem Theema “Pilger vun der Hoffnung”.
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
25 juillet 325 : fin du Concile de Nicée
Il y a 700 ans, les bases du Credo étaient posées.
-
D’Mass vum 27. Juli gëtt vun Eeschwëller iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Lourdes 2025 : Avec Marie, pèlerins d'Espérance
Suivez chaque jour le déroulement du pèlerinage diocésain des 180 participants, malades et accompagnateurs. Et priez pour eux !
-
L’église abbatiale de Clervaux fête ses 100 ans
La fête de la dédicace sera célébrée les 29 et 30 juillet. Conférence et concert d’orgue sont au programme.