Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech all d’Gleeweg, fir un der Priisterwei vun den Diakone Cedric Latz (Par Lëtzebuerg Notre-Dame) a Leonardo Pulia (Par Miersch Saint-François) deelzehuelen.
D’Wei fënnt statt um Héichfest vu Maria, der Tréischterin am Leed,
de Samschdeg, 2. Mee 2026 um 9:30 Auer
an der Kathedral.
Dir sidd invitéiert un der Gebietsveillée fir d’Weiekandidaten an och fir Beruffungen zum Presbyterat, zum Diakonat an zum geweite Liewen den Owend virdrun deelzehuelen, de Freideg 1. Mee 2026 um 20:00 Auer an der Kathedral.
Dir kënnt d’Formatioun vun de künftege Priister zu Lëtzebuerg mat enger Spend iwwer d’Fondatioun Sainte-Irmine ënnerstëtzen: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (Mentioun: “Formation des futurs prêtres” / D’Spende si steierlech ofsetzbar.)
Villmools Merci: Är Ënnerstëtzung ass e konkreete Gest fir d’Kierch vu muer a fir hir Pastoral.
Invitatioun: Priisterwei & Gebietsveillée
D’Wei fënnt statt um Héichfest vu Maria, der Tréischterin am Leed, de Samschdeg, 2. Mee 2026 um 9:30 Auer an der Kathedral.