6. Ausfluchsdag fir d'Massendénger aus der Diözees
De Massendénger-Ausfluch war dëst Joer de 05.10.2024 zu Rëmeleng am Musée des mines.
Vu datt dëse Sonndeg do Kiermes ass, hu mir deen Dag och dacks dem Hämmelsmarsch héieren. Mir wënschen de Rëmelenger Leit eng schéi Kiermes.
Moies ware mir iwwerierdesch, mëttes ënnerierdesch: Elo wësse mir vill vum Eisenäerzofbau zu Lëtzebuerg tëscht 1898 an 1963.
Bei der Statu vun der helleger Barbara si mir och vill iwwer hiert Liewen, de Bärbelendag an hir Firsprooch fir d‘Minnenaarbechter gewuer ginn. D’helleg Barbara huet hiert Liewe fir hire Glawe ginn. Helleg Bärbel, biet fir eis.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
„Urbi et Orbi“ op Lëtzebuergesch live op Apart TV
De Chrëschtmessage vum Poopst Leo XIV. an de Seegen live vun der Péitersplaz
-
70e anniversaire des Fraen a Mammen Réimech
Mgr Leo Wagener a célébré la messe du jubilé, le 14 décembre 2025, dimanche de Gaudete.
-
In Notre-Dame de Paris leitete Kardinal Jean-Claude Hollerich die Seligsprechungsmesse für 50 französische Märtyrer des Nationalsozialismus.
Die Wahl eines luxemburgischen Legaten durch den Papst und die Anwesenheit deutscher Bischöfe verliehen der Feier eine symbolische Kraft.
-
Zwischen Krippe und Auferstehung: ein Glaubensweg mit den Katechumenen
Im Centre Jean XXIII traf der Generalvikar mit den Katechumenen zu einer Katechese zur Vorbereitung auf Weihnachten zusammen.