

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral
Gottesdéngscht mat engem multireliéise Gebiet op Nationalfeierdag um 16.30 Auer
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden.
De Gottesdéngscht, dee mat engem multireliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, sonndes, den 23. Juni 2024, um 16.30 Auer. Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. Eragoe kann een nëmmen duerch den Agank an der Rue Notre-Dame.
Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
D’Mass vum 7. September gëtt vun Habscht iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
7 septembre 2025 : canonisation des bienheureux Carlo Acutis et Pier Giogio Frassati
Premières canonisations du pape Léon XIV.
-
P. Henri Werling (1879-1961) SJ
Ein Luxemburger Helfer des Seligen Bischofs Profittlich.
-
Du 31 août au 5 septembre, suivez les pèlerinages diocésains à Rome !
Sur les traces des premiers chrétiens et de la culture chrétienne, deux groupes luxembourgeois fêtent le jubilé dans la Ville sainte.