2025-2026 : « Um Wee fir eng missionaresch Kierch »
Diözeesan Weiderbildungsangeboter fir d’Pastoraljoer 2025/2026.
Um Ufank vun dësem Pastoraljoer huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, sech bei Geleeënheet vun der Rentrée pastorale mat Dankbarkeet un de Klerus an un all haaptamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter geriicht, fir si um Wee vun enger missionarescher Kierch ze encouragéieren.
Als Gedeeften si mir all als missionaresch Jüngerinnen a Jünger gefuerdert zesummen um Jesus senger Missioun Deel ze huelen an d’Evangelium ze verkënnegen. Domat schreift sech déi diözeesan Dynamik direkt an déi kierchlech Visioun vum Poopst Leo XIV. an, déi hien als Bréckebauer um Ufank vu sengem Pontifikat op der Péitersplaz den 8. Mee 2025 mat folgende Wierder beschriwwen huet „ Wir müssen gemeinsam versuchen eine missionarische Kirche zu sein, eine Kirche, die Brücken baut, die den Dialog pflegt, die immer bereit ist, wie dieser Platz, mit offenen Armen all jene zu empfangen, die unsere Nächstenliebe, unsere Präsenz, unseren Dialog und unsere Liebe brauchen. “ De Centre de formation diocésain (CFD) gesäit sech am Déngscht vun dëser Visioun an am Déngscht vun enger synodaler Kierch an däer et vill Acteuren an Initiative gëtt.
Méi spezifesch fir déi diözeesan Weiderbildung ass awer vun elo un, datt si sech am Sënn vum Schlussdokument vun der Synod u Jidderee riicht. „Die gemeinsame synodale Ausbildung für alle Getauften bildet den Horizont, in dem die spezifische Ausbildung, die für die einzelnen Ämter und Berufungen erforderlich ist, verstanden und praktiziert werden kann. Damit dies geschehen kann, muss sie als Austausch der Gaben zwischen den verschiedenen Berufungen (Gemeinschaft), in der Perspektive eines zu leistenden Dienstes (Sendung) und in einem Stil des Engagements und der Erziehung zu einer differenzierten gemeinsamen Verantwortung (Partizipation) verwirklicht werden.“ (Schlussdokument - Für eine synodale Kirche, Gemeinschaft, Teilhabe, Mission - N° 147)
An der Annexe fann dir duerfir de ganze Programm vum CFD. Zéckt net fir Iech fir déi eng oder aner Propositioun einfach um Site vun der Weiderbildung anzeschreiwen an iech mat aneren ze vernetzen. D’Aktualitéit ass och all Mount um Agenda vu cathol.lu ze liesen.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Echternach: Springprozession 2026
Pfingstdienstag, 26. Mai. Hier finden Sie das Programm, die Treffpunkte und die Zeiten.
-
5.-7. Juni 2026: Weekend der Offenen Kirchen in Luxemburg
68 offene Kirchen, die Orte der Erinnerung sind. Mit Vorträgen, Ausstellungen, Konzerten, geführten Besichtigungen...
-
50. Tag der Junglandwirte in Diekirch
DJ, Wasserspiele, Tanz… und Gott!
-
Eine Kirche aus dem Willen des Gottesvolkes
Am 15. Mai 1976 wurde der Grundstein der Heilig-Geist-Kirche in Fetschenhof-Cents gelegt.