"Zäit fir Chrëschtdag nei z'entdecken"
De Message fir Chrëschtdag vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
"Krich an der Ukrain an an anere Länner, d’Rezessioun, eng ugeschloen Ekonomie, d’Angscht virun der Zukunft, de Klimawandel… Wéi kënne mir an esou engem Kontext d’Chrëschtnuecht feieren?", freet de Kardinol.
Hien weist drop hin, datt fir vill Leit Chrëschtdag eng kënschtlech a staark kommerzialiséiert Feier ginn ass, mat Lidder, déi a Geschäfter ëmmer erëm gespillt ginn: "Ass d’Chrëschtnuecht e reng ekonomeschen Event ginn?"
Duerno weist den Äerzbëschof op de Kär vum chrëschtleche Glawen hin: "Vläicht ass d’Chrëschtnuecht genee d’Geleeënheet, fir erëm de Mëttelpunkt vun eiser Relioun ze fannen: Gott, dee Mënsch gëtt, well hien eis gär huet, well hie bei eis si wëll, eis Mënschheet an eise Kierper, eis Schwächt an och den Doud mat eis deelt."
Dës Präsenz vu Gott verännert alles: "Wann een niewent eis steet, eis gär huet, eis hëlleft, staark ass a lieft, da gëtt alles anescht. Da fanne mir eng bannenzeg Fräiheet, déi eis hëlleft an eist Liewen ze maachen. [...] Dann ass Jesus de Prënz vum Fridden."
Zum Schluss huet den Äerzbëschof all de Leit am Land seng Wënsch vu ganzem Härz ausgedréckt: "Fridden an eisem Härz a Fridden op der Welt."
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Sanad Sahelia: „Wir sind sehr besorgt um die Zukunft von Taybeh“
Der Direktor von Nabd El-Haya, einer Multimedia-Plattform mit Sitz in Taybeh, dem letzten christlichen Dorf Palästinas, war in Luxemburg.
-
D’Mass vum 5. Juli gëtt vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Mit dem Diözesanarchiv tauchen wir ein in die Schätze der Erzdiözese
Ahnenforschung, Geschichte, bloße Neugier … ein Sommer voller neuer Erkenntnisse. Einleitung.
-
Célébration eucharistique à l’occasion du premier anniversaire du Pontificat du Pape Léon XIV
Dimanche 5 juillet 2026, 18 heures en la Cathédrale.