Den 19. Oktober feiere mir de Weltmissiounssonndeg
Message vum Kardinol Jean-Claude Hollerich.
Den 19. Oktober feiere mir de Weltmissiounssonndeg. An dësem Joer steet de Mount Oktober ënnert dem Motto: „Mat der Hoffnung gi mir net zegronn.“ Mir alleguer – a besonnesch déi Mënschen, déi a Gebidder vu Krich, Ënnerdréckung a Gewalt liewen, déi all Dag ëm hiert Iwwerliewe kämpfen – däerfen d’Hoffnung net opginn.
Eise verstuerwene Poopst Franziskus huet a sengem Message fir de Weltmissiounssonndeg 2025 gesot: "Sidd Missionare vun der Hoffnung an de Vëlleker". Domat rifft hien äis alleguer op, dat ze zielen, wat mir vum Glawe wëssen a wouvunner mir iwwerzeegt sinn. De Glawe gehéiert, sou wéi de Jesus äis et geléiert huet, dohinner, wou d'Mënsche sinn: matzen an d'Liewen, an eisen Alldag, an eis Ëmwelt. De Poopst nennt d'Kierch "die Gemeinschaft der missionarischen Jünger Christi": äis alleguer, net nëmmen d'Priister, déijéineg, déi fir d'Kierch schaffen (haaptamtlech oder benevole), neen, jiddereen, dee gedeeft ass, soll als Chrëscht a Chrëschtin missionaresch sinn, andeems ee vu sengem Glawen, den Erfarungen, Iwwerzeegungen an deem, wat een undreift, schwätzt.
A sengem Wuert fir de Missiounssonndeg huet de Poopst Franziskus äis opgedroen, datt mir d'Missioun vun der Hoffnung aus dem Gebiet erneiere sollen, vrun allem mat de Wierder aus der Bibel, besonnesch de Psalmen – hien nennt si eng grouss Symphonie vu Gebiet, déi alles a sech dréit, wat äis beweegt: Freed a Leed, Suergen, Ierger, Léift, Sträit, Hoffnung asw.
Eisen neie Poopst Leo XIV. huet vu senger éischter Usprooch op der Péitersplaz un de Fridden an der Welt als wichtege Wäert an Zil fir äis Chrëschtinnen a Chrëschte genannt. Deem spiere mir äis an de Missiounswierker besonnesch um Weltmissiounssonndeg verflicht. An dësem Joer wëlle mir speziell un eis Geschwëster an der Ukrain, am Gaza an an all deenen anere Krichsgebidder denken, déi zum Deel just nach hir Hoffnung hunn, déi si net um Alldag an der onerdréiglecher Situatioun verzweifele léisst. Loosst äis matenee bieden, datt e gerechte Fridden an der Welt méiglech gëtt, a solidaresch mat deene sinn, deenen et och materiell schlecht geet. Loosse mir mateneen deelen: eise Glawen, Brout a Wäin, mee och eis Suen, fir datt d’Mënschen an der ganzer Welt erméiglecht kréien, e Liewen an Dignitéit a Fridden ze féieren.
Hei fannt dir alles fir erofzelueden, dir däerft awer och gären bei eis uruffen oder e Mail maachen, wann dir nach méi Material braucht.
Contact
Centre MISSIO
21, route de Luxembourg
L-3253 Bettembourg
Tél. : 453261
missio@cathol.lu
Solidaresch si mat den äermsten op der Welt an am Gebiet verbonne sinn ass eng gutt Méiglechkeet sech ze engagéieren a mateneen de Glawen op eng lieweg Manéier ze liewen.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Vivre avec l’irréparé, un chemin d’espérance
Matinée pastorale avec sœur Isabelle Le Bourgeois, à l'écoute des écoutants.
-
Du 26 janvier au 23 mars 2026, deux mois de visites pastorales
Au début de la phase de mise en œuvre du Synode (2025-2028), le cardinal Jean-Claude Hollerich se rendra dans les six doyennés du diocèse.
-
D’Mass vum 25. Januar gëtt vun Hemstel iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Missionários da Comunidade Obra de Maria reforçam pastoral lusófona no norte do Luxemburgo
Quatro missionários da Comunidade Católica Obra de Maria encontram-se em missão no norte do Luxemburgo, onde passam a colaborar na…