Eng lescht diözeesan Roumrees vum 31. August - 6. September 2025
Als Pilger vun der Hoffnung wëlle mir äis am Jubiläumsjoer mam Bus eng leschte Kéier an d’Helleg Stad op de Wee maachen, fir e Stéck Weltkierch ze erliewen, dem Poopst Leo XIV ze begéinen, duerch d’Helleg Paart ze goen a mat anere Gleewegen de kulturellen a reléise Räichtum vu Roum ze entdecken.
D’Rees fënnt vum 31. August bis 6. September statt an et sinn nach e puer Plaze fräi.
Eng Rees ouni Stress an Hektik, mat Momenter vu Rou a Gebiet, Kultur a Gesellegkeet. Zesumme wëlle mir eng flott Erfarung am Glawe maachen.
De Präis vun deser Pilgerrees am Duebelzëmmer ass 2024 € an am Eenzelzëmmer 2535 €. All Umeldungen ginn direkt bei Voyages Emile Weber um Telefon 283226-300 ugeholl.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Echternach: Springprozession 2026
Pfingstdienstag, 26. Mai. Hier finden Sie das Programm, die Treffpunkte und die Zeiten.
-
5.-7. Juni 2026: Weekend der Offenen Kirchen in Luxemburg
68 offene Kirchen, die Orte der Erinnerung sind. Mit Vorträgen, Ausstellungen, Konzerten, geführten Besichtigungen...
-
50. Tag der Junglandwirte in Diekirch
DJ, Wasserspiele, Tanz… und Gott!
-
Eine Kirche aus dem Willen des Gottesvolkes
Am 15. Mai 1976 wurde der Grundstein der Heilig-Geist-Kirche in Fetschenhof-Cents gelegt.