Fraen a Mammen, Veinen, mal Häerz op der richtiger Plaz
Bekannterweis stiisst de Bénévolat am Veréinsliäwen ua sein Grënzen. An trotzdiäm kann d'ACFL nooch landeswéit op 70 Sektiunne mat 4.500 Memberen zielen.
Di Veiner Sektiunn Yolande hott di gruss Chance fir junken Nowooss ous verschidenen Nationalitéiten ze honn. No äner polnischer an äner portugisischer Damm, hott am vergaangene Jor en ukrainisch Damm d'Rei vergrissert.
Wann eepes sécher ass, dann de Fakt, datt di Veiner Fraen a Mammen d'Heen net an de Schuuss leeën an d'Häerz op der richtiger Plaz honn.
Zënter d'Gemän dem Veréin di fréier Pompjeeskasär als Veréinslokal zur Dispositiunn gestallt hott, guf kuerzerhand de Versammlungsroum vuan de Pompjer ëmfunktionniert zu äner Kaffis-udder Schampesstuff. Frësch uagestrach, flott dekoriert a miwliert, fannen hei d'Reuniunne statt.
Su och di rezent Generalversammlung, déi niäft Dechen, Buergernäster a Schëffen oussergewinnlich gout besoucht war. Ronn 40 Ierememberen, Veiner an 'ousgewandert' Veiner haten sech afont fir sech, a gouder Atmosphär, iwer d'Aktivitéiten ze informieren.
Et léit op der Hand, datt di Veiner Dammen kä Club vuan Traurigkät sënn. Kän Versammlung vergät unni datt selwer gemaachte Schnittercher an e goude Peetchen zerviert gän. Well d'Lokal su ideal op der Busgare léit, gëtt drua gedoocht fir eventuell geseelig Nomëttiger fir Dammen vua Veinen an Ëmgeegend ze organisieren.
D'Garagen am Gebai ägnen sech perfekt fir di sëlliche Bloumenarrangementer fir den Adventsmoort udder de Pëllemsonndig-Bazar ze bastelen. Datt de Verkaf béim Adventsmoort sech bewäehrt hott an och de Bazar en Erfollig war, beweisen di 3 Scheckiwerrächungen an em Gesamtwäert vuan 8.000 Euros, déi béi der Generalversammlung zu Gonste vuan OMEGA 90 (4.000 Euros) a jeweils 2.000 Euros fir d'Wonschkutsch a MEMA (Mon école, mon avenir am Senegal) gespent gufen.
Festgehale guf, datt de Benefiz vuam Pëllemsonndig-Bazar den 29.3.2026 am Kulturzentrum Larei, mat goudem housmaacher Koost, äner Tombolo an Usterarrangementer der Associatiunn ALA, maladies rares, zugout kënnt.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Sanad Sahelia: „Wir sind sehr besorgt um die Zukunft von Taybeh“
Der Direktor von Nabd El-Haya, einer Multimedia-Plattform mit Sitz in Taybeh, dem letzten christlichen Dorf Palästinas, war in Luxemburg.
-
D’Mass vum 5. Juli gëtt vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Mit dem Diözesanarchiv tauchen wir ein in die Schätze der Erzdiözese
Ahnenforschung, Geschichte, bloße Neugier … ein Sommer voller neuer Erkenntnisse. Einleitung.
-
Célébration eucharistique à l’occasion du premier anniversaire du Pontificat du Pape Léon XIV
Dimanche 5 juillet 2026, 18 heures en la Cathédrale.