lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 4. Advent gouf vu Stengefort iwwerdroen
De 24. Dezember gouf d’Houmass fir de 4. Advent vu Stengefort iwwerdroen. D’Choralen Ste Cécile Stengefort an Hoen-Klengbetten hu mat der Dirigentin Josée-Anne Mangen gesong, begleet op der Uergel vum André Scheuer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Choralen Ste Cecile Stengefort an Hoen-Klengbetten
Zënter méi wéi 10 Joer prouwen a sangen déi 2 Kierchechéier vu Stengefort an Hoen-Klengbetten zesummen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn. Haaptaufgab vun den 22 Sängerinnen a Sänger ass haaptsächlech d‘Verschéinerung vun de Gottesdingschter. Eng Aufgab, déi si ganz eescht huelen an all Sonndeg um Dill sinn. Eischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesong fir d‘ Gesellegkeet ze förderen.
Si hunn 22 aktiv Memberen (8 Hären an 14 Dammen) a si prouwen all Méindeg um 19.30 Auer am Sall oder an der Kierch. All Leit, déi sech fir Gesank a Musék interesséieren, sinn häerzlech wëllkomm bei eis.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Une jeune pucelle | Pierre Dandrieu |
---|---|---|
Agangslidd | Wir warten auf das Licht | Klaus Heizmann |
Kyrie | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Tëschegesank | Préparez le chemin du Seigneur | Jacques Berthier |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Bethlehem hörst den Heiland du | Altes Tiroler Lied |
Sanctus | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Anamnes | Dans le silence | Stéphanie Kager |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Schutzengelmesse | M.L. Nemmers |
Kommiounslidd | Pain des merveilles | Scouarnec/Clauché |
Schlusslidd | Freue dich Welt | Händel/Heizmann |
Uergel: Sortie | Nun jauchzt all ihr Frommen | Karl-Peter Chilla |