lb fr pt en
Synod 2021-2024  
7. September 2023

Ökumenescht Gebiet fir d’Bëschofssynod

Optakt vun der Bëschofssynod den 30. September

Zum Optakt vun der Bëschofssynod ass e Samschdeg, den 30. September 2023, owes zu Roum op der Péitersplaz en ökumenescht Gebiet am Geescht vun Taizé.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert dofir zu engem ökumenesche Gebiet e Samschdeg, den 30. September, ëm 19.00 Auer an der Kierch um Cents (125, rue de Trêves, L-2630 Luxembourg).

Mir schléissen eis der Gebietsveillée zu Roum un an droen d’Uleies vun der Bëschofssynod am Gebiet mat.

D’Kierch vum Cents ass mat de Buslinne 7, 14, 25 (Arrêt Cents Kierch) ze erreechen.

Wann Dir weider Infoe braucht, mellt Iech wgl. beim Josiane Mirkes, Marie-Christine Ries, Renée Schmit oder Jean-Louis Zeien: together2023@cathol.lu

Ökumenescht Gebiet fir d’Bëschofssynod
Prière œcuménique pour le Synode des évêques
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu