lb | fr | pt | en |
27. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 17,5-10
5 D’Apostele soten zum Här: “Looss eise Glaf méi grouss ginn!”
6 Den Här huet geäntwert: "Wann äre Glaf och nëmmen esou grouss wär wéi e Moschterkär, da géift dir zu dësem Molbierfigebam soen: ’Zéi deng Wuerzelen eraus a verplanz dech an d’Mier!’ – an hie géif iech follegen.
7 Wann ee vun iech e Kniecht huet fir ze plouen oder fir d’Véi ze hidden an dee kënnt vum Feld heem, seet hien dann éiren zum Kniecht: ’Komm direkt heihin a sëtz dech un!’?
8 Seet hien net éischter zu him: ’Maach mir eppes z’iessen, do d’Schiertech un a bedéng mech, bis ech giess a gedronk hunn; duerno kanns du dann iessen an drénken!’?
9 Huet hien éiren e Merci fir de Kniecht, well deen dat gemaach huet, wat hien ugestallt ginn ass?
10 Esou sollt och dir soen, wann dir alles gemaach hutt, wat dir ugestallt gi sidd: ’Mir sinn onnëtz Kniecht; mir hu soss näischt gemaach wéi eis Flicht a Schëllegkeet.’"