lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Verklärung vum Här C

Lk 9,28b-36

28b De Jesus huet de Péitrus, de Johannes an de Jakobus matgeholl an ass op e Bierg eropgaang fir ze bieden.

29 Iwwerdeems hie gebiet huet, huet säi Gesiicht sech verännert, an seng Kleeder goufe schnéiwäiss.

30 An op eemol hunn zwéi Männer sech mat him ënnerhal. Et waren de Moses an den Elias,

31 déi an Herrlechkeet erschénge sinn an iwwer dem Jesus säi leschte Wee geschwat hunn, deen sech zu Jerusalem erfëlle sollt.

32 Dem Péitrus an deenen, déi bei him waren, waren d’Ae vu Middegkeet zougefall. Wéi si waakreg gi sinn, hunn si dem Jesus seng Herrlechkeet gesinn an déi zwéi Männer, déi bei him stoungen.

33 Wéi dës vun him fortgaang sinn, sot de Péitrus zum Jesus: “Meeschter, et ass gutt, datt mir hei sinn; loosse mer dräi Zelter opriichten, eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elias.” Hie wousst awer net, wat hie gesot huet.

34 Iwwerdeems hie geschwat huet, koum eng Wollek an huet hire Schiet op si gehäit. Wéi si an d’Wollek erakomm sinn, hunn si et mat der Angscht ze doe kritt.

35 An eng Stëmm koum aus der Wollek a sot: “Dat hei ass mäi Jong, deen Auserwielten; op hie sollt dir lauschteren!”

36 Nodeems d’Stëmm verklong war, war nëmmen nach de Jesus do. Déi dräi Jünger hu kee Wuert gesot, an si hunn an deenen Deeg kengem eppes vun deem erzielt, wat si gesinn haten.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu