lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
1. Oktober 2016

„Looss eise Glaf méi grouss ginn!“

02.10.2016

Lk 17,5-10

„Wann äre Glaf och nëmmen esou grouss wär wéi e Moschterkär“, da géift dir ganz vill bewierke kënnen, esouguer Saachen, déi eegentlech onméiglech schéngen… Esou e Moschterkär als Symbol fir eppes ganz Klenges gëtt jo méi dacks an der Bibel zitéiert.

Dat stëmmt, hunn ech mer gesot, wéi ech mech mat dem Evangelientext befaasst hunn. Well wann een de Mutt hätt, dee Glaf, deen och nëmmen esou grouss ass wéi e Moschterkär, eescht ze huelen an duerno ze liewen, a wann och nach ganz vill Chrëschten dat maache géifen, da kënnte mer zesummen d’Welt veränneren. Wéi heescht et dach an deem afrikanesche Spréchwuert, dat och vertount ginn ass: „Wenn viele kleine Leute an vielen kleinen Orten viele kleine Dinge tun, können sie das Gesicht der Welt verändern.“

Bis dohinner wär jo alles schéin a gutt, awer da kënnt et knëppeldéck am Text. Un där Geschicht, wéi de Sklav behandelt gëtt, dee jo awer seng Aarbecht gemaach huet, hunn ech nawell méi laang geknat. Och um Här, dee sech fir d’éischt bedénge léisst an net Merci seet, well de Sklav jo nëmmen dat mécht, wat hien ugestallt ginn ass.

An dann, datt ee sech als onnëtze Kniecht betruechte soll, wann een alles gemaach huet, wat een ugestallt ginn ass – nëmme just Flicht a Schëllegkeet! Dat sinn haart Wierder, déi een derzou bewegen, Froen ze stellen. Sätz, déi Rätselen opginn: Ass den Härgott dann elo net dee Papp, deen de verluerene Jong an d’Ärem schléisst? Dee baarmhäerzeg ass? Dee Gedold mat äis huet? Deen alles verzeit? Bei deem mer äis ëmmer gebuerge fillen däerfen?

Wat kréien ech, wann ech gleewen?

Ech hunn net direkt eng Äntwert fonnt, bis ech mer d’Fro gestallt hunn, ob een da wierklech nëmmen dat maache soll, wat een ugestallt gëtt. An ob mer net heiansdo an d’Versuchung kommen ze froen: Wat kréien ech, wann ech gleewen? Wat ass meng Belounung? Wa mer nämlech éierlech gleewen, ass et jo eis Flicht a Schëllegkeet, deem Glaf och Dote follegen ze loossen. Esouguer dann, wann eise Glaf dee vun engem „Zwerg“, also ganz kleng, ze si schéngt…

An du sinn ech bei engem vun deenen Hellegen hänke bliwwen, deen ech scho ganz laang veréieren: De „gudde Poopst Johannes“ (1881-1963), helleg gesprach de 27. Abrëll 2014 vum Poopst Franziskus. Eng vun de Maximë vum Johannes XXIII. heescht: „Nur für heute werde ich eine gute Tat vollbringen und niemandem davon erzählen.“ Et ass déi sechst vun de „Regeln der Gelassenheit“, a si steet ënner dem Motto „Handeln“. Doraus geet ervir, datt een aus dem Glaf eraus handele soll. Dohanner verstoppt sech awer och déi Bescheidenheet, op déi de Jesus wuel an dësem Evangelientext hiweise wëllt.

Jo, et ass kee liichte Kascht, deen äis dëse Sonndeg opgedëscht gëtt, an et däerf ee roueg eng Kéier schlécken. Awer da soll een net vergiessen, zréck bei den Ufank vum Text kucken ze goen:

Wann eise Glaf – wa mäi Glaf – och nëmmen esou grouss ass wéi e Moschterkär, a wa mir – wann ech – eppes doraus maachen an deem Ëmfeld, wou mir – wou ech – liewen, da ka scho munches bewierkt ginn! Dat steet am Evangelium vun dësem Sonndeg! An dat ass dach eng Perspektiv! Do kann een dann nëmmen nach ganz bescheide froen, grad ewéi d’Apostelen dat gemaach hunn: „Looss mäi Glaf méi grouss ginn“, grad an enger Zäit an an engem Ëmfeld, wou Glaf keng Evidenz méi ass…

Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu