lb fr pt en
Priedegten 2021  
28. Abrëll 2021

Begéinung, déi nei Perspektiven opmécht

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (28. Abrëll 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus (9,9-13)

Als Jesus weiterging, sah er einen Mann namens Matthäus am Zoll sitzen und sagte zu ihm: Folge mir nach! Und Matthäus stand auf und folgte ihm nach.

Und als Jesus in seinem Haus bei Tisch war, siehe, viele Zöllner und Sünder kamen und aßen zusammen mit ihm und seinen Jüngern.

Als die Pharisäer das sahen, sagten sie zu seinen Jüngern: Wie kann euer Meister zusammen mit Zöllnern und Sündern essen?

Er hörte es und sagte: Nicht die Gesunden bedürfen des Arztes, sondern die Kranken. Geht und lernt, was es heißt: Barmherzigkeit will ich, nicht Opfer! Denn ich bin nicht gekommen, um Gerechte zu rufen, sondern Sünder.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Begéinung, déi nei Perspektiven opmécht“.

Vill vun eis sinn – oder waren – berufflech täteg, als Aarbechter, Employé, Fräiberuffler oder Patron. Munchereen huet seng 1. Aktivitéit säi ganzt Liewe mat Freed a Begeeschterung gemaach. Anerer hätte gär gewiesselt, konnten awer net, oder hu gewiesselt – aus ganz ënnerschiddleche Grënn.

Am Evangelium vun haut begéine mir dem Matthäus, deem säi berufflecht a perséinlecht Liewen duerch eng onerwaart Begéinung vu Grond op verännert gëtt, an hien op ongeaante Weeër féiert.

Hie war Douanier, d. h. hien huet fir di réimesch Besetzung d’Steieren agezunn. Wéi de Matthäus zu dëser Aarbecht koum, dat wësse mir net. Och vu Famill ass am Evangelium keng rieds. Finanziell sécher gutt opgestallt war hien no bei deenen, di Muecht haten. Dat ka mat Momenter interessant sinn – mee – hannert de gëllener Fassad riskéiert sech (deemools grad ewéi haut och) gären en aarmen Däiwel ze verstoppen.

Vis-à-vis vu sengen Zäitgenosse war de Matthäus ofgeschriwwen. D’Zöllner ware verruff. Hire Stand deemools kann een e bësse vergläiche mat de lëtzebuergesche Kollaborateuren, wärend der Nazibesatzung hei zu Lëtzebuerg.

Och u Gerüchter ronderëm dës Aarbecht huet et sécher net gefeelt. Mat de Steieren, déi di kleng Leit sech hu misse vum Mond ofspueren, géifen di Déck sech d’Täsche fëllen – sou huet et geheescht.

Stelle mir eis dem Matthäus säin Alldag vir. Hie souz am Guichet. D’Leit komme bei hien – mat bläie Féiss – well se mussen!! Soss géife se sech strofbar maachen. Hien huet ausgerechent, wat si hu misse bezuelen.

Villäicht huet di sozial Einsamkeet duerch dës Aarbecht, an och d’Fro betreffend Sënn vun esou enger Aarbecht a sengem Liewen ee grousse Vide hannerlooss, dee mat Suen net ze fëlle war. Trotz déckem Porte-monnaie gouf – a gëtt et, deemools wéi haut – fir dat Wichtegst am Liewe kee Buttek. Alles geschenkt – an dofir onbezuelbar.

Um Hannergrond vun all deem, begéine mir dann dem Jesus, wat hie gemaach a gesot, a wéi säin Ëmfeld dorop reagéiert huet. Ouni vill Geméch kënnt hie bei dem Matthäus säi Guichet a seet him: „Folge mir nach!“ wéi et op däitsch heescht. Komm mir no a sief mäi Jünger.

Ech woen ze soen, dass de Jesus am Matthäus en anere Mënsch gesäit wéi seng Zäitgenossen. Fir de Jesus war hie vill méi wi just ee réimesche Kollaborateur. Hien huet am Matthäus ee Brudder begéint, dee mauseleng, vun de Leit ofgestempelt, a sengem Guichet souz.

An de Matthäus? Villäicht war di onerwaarten Invitatioun vum Jesus fir hien DÉI Chance. Deen Onbekannten huet him d’Dier opgemaach fir eng nei Zukunft no där hie villäicht schonns laang heemlech verlaangert huet. Endlech kéint hien aus deem ganze Schlamassel do erauszekommen.

Seng kloer Äntwert ass allzäit net anescht ze erklären. Net nëmmen, dass hien de Guichet hannert sech léisst an dem Jesus nogeet. Hien invitéiert dozou och nach esou wuel de Jesus, wéi och all seng deemoleg Kollegen heem a säin Haus, d.h. an der Ëffentlechkeet bekennt hie sech zu sengem neie Wee. Dozou brauch et Courage – deemools – an och haut.

Wat muss dës Begéinung mam Jesus an him ausgeléist hunn, dass hien alles stoen a fale léisst fir him nozegoen? Villäicht hat de Matthäus scho vum Jesus héieren, hätt awer nimools geduecht, dass och hien – dee grousse Sënner – kënnt geruff an duerno als Apostel ausgeschéckt ginn…

An da sinn do nach dem Matthäus seng sozial a reliéis Zäitgenossen. Kaum setzt de Jesus mam Matthäus an senge Kolleegen um Dësch rabbelt schonn den Djungeltelefon bei de Pharisäer. Amplaz de Jesus selwer direkt mat hirer Kritik ze konfrontéieren, kritiséiere si hien hannenerëm bei senge Jünger. Firwat schwätze se net mam Jesus? Wat fäerte se dann nëmmen?

Si hätte sech jo och kéinte freeë mam Matthäus, dass hien asiichteg gouf, dass hie mat sengem sendhafte Verhalen opgehalen – an dozou nach anerer mat op dësen neie Wee geholl huet.

Mënschlechkeet, Demut oder gesonde Mënscheverstand null – eenzeg an eleng wat zielt, dat ass d’Gesetz hannert deem si sech verstoppen. Dozou kritt een dann och nach den Androck dass si, d’Pharisäer, ganz eleng d’Wourecht gepacht hunn an onfeelbar sinn. Awer all di aner sinn aarmséileg Sënner.

De Jesus léisst sech vun hinnen net aschüchteren. Hie léisst di 100 Schof stoe fir deem enge Verluerenen no ze goen. Hie priedegt net nemmen, mee hie mécht dat, wat hie seet: „Nicht die Gesunden brauchen den Arzt, sondern die Kranken. Darum lernt, was es heißt: Barmherzigkeit will ich – nicht Opfer (…) Denn ich bin gekommen um die Sünder zu rufen, nicht die Gerechten.“

Den Dokter ass do fir di Krank. Wien net krank ass, dee brauch keen Dokter. Net Affer mat vill Kaméidi wëllt den Härgott, mee… Hie wëllt, dass déi, di sech zu him bekennen, en Häerz hu fir di Aarm, di Kleng an Ausgestouss.

Deenen, di sech selwer duerginn, deene kann de Jesus näischt schenken. Hie wëllt den Dësch mat deenen deelen, déi net perfekt sinn, déi krank sinn, déi sech veriert a gesëndegt hunn. Fir mat Léift ze heelen, DUERFIR ass hie komm…

Dem Jesus säi gemeinsaamt Iesse mam Matthäus konfrontéiert eis als Kierch mat ganz delikate Froen: Hien huet dem Matthäus seng Invitatioun ugeholl an him domat bestëmmt Heelung, Versönung a Perspektiv vermëttelt. A wien dierf haut mat him um Dësch setzen? Ass d’Iessen um Jesus sengem Dësch just eng Bonne-Note fir di sougenannten Onfeelbar…? Wa mir ganz éierlech sinn, séiz de Jesus dann net villäicht e bëssen eleng do?

Iwwert di strukturell Froen eraus konfrontéiert eis awer dem Jesus seng grouss Fräiheet och mat eis selwer: wéi hätte mir/wéi hätt ech reagéiert?

Ech proposéieren ee Moment Stëllt, wou mir an eis perséinlech Liewensgeschicht kënne kucken, an dem Jesus eis Uleies uvertrauen:

  • Muecht, Suen a Besëtz. Wéi eng Plaz huet dat alles a mengem Liewen, an och am Ëmgank mat aneren?
  • Gëtt et Etappen a mengem Liewen, op déi ech selwer wéineg stolz sinn – a wou ech elo nach eppes kéint, wéilt – jo misst änneren?
  • Gëtt et a mengem Ëmfeld villäicht ee Mënsch, dee wéi de Matthäus waart op e Gest oder en heelend Wuert vu Verzeien, Accueil a Baarmhäerzegkeet?

Stëllt, Uergelmusek

Helleg Maria, Gottesmamm, biet fir eis Sënner, elo an an der Stonn vun eisem Doud. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu