lb | fr | pt | en | de |
Ee Gebiet um Sprangduch – Fotoen a Biller vum Hellege Willibrord, 2. Schutzpatroun vun de Lëtzebuerger Massendénger
Aktioun „Sprangprëssessioun2020“ vun de Lëtzebuerger Massendénger
Päischtdënschdeg ass zënter ville Joren ee feste Rendez-vous am Kalenner vun de Massendénger.
Mee dëst Joer fält Sprangprëssessioun aus.
Dofir luede mir iech an, ee Gebiet, een Uleies op e symbolescht Sprangduch ze schreiwen resp. ze molen (PDF hei drënner). Dëst Sprangduch soll da fotograféiert ginn (wéi et einfach do läit oder ee Massendénger et unhält asw.), oder gescannt ginn, an dann an d’Massendéngerzentral gemailt ginn. Dir kënnt eis d’„Sprangduch“ och per Post an d’Zentral schécken.
All Sprangdicher, déi mir kréien, ginn erausgedréckt a Päischtdënschdeg fir iech virun d’Graf vum Hellege Willibrord geluecht.
Dir kënnt eis och gäre Biller resp. Fotoe vu Statue vun eisem 2. Schutzpatroun, dem Hellege Willibrord, zoumailen: Fotoen aus Kierchen (Statu, Fënster asw.), Hausnischen, vun „doheem“: einfach fotograféieren a mat enger kuerzer Beschreiwung, wou d’Statu geknipst gouf (z. B. Eechternoach an der Basilika) era mailen.
Maacht mat an hëlleft eis, d’Fotogalerie „Sprangprëssessioun2020“ op eiser Homepage ze fëllen! Vill Spaass!
Lëtzebuerger Massendénger
Centre Convict
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
tel: 44 743 243
massendenger@cathol.lu
- Ee Gebiet um Sprangduch – Fotoen a Biller vum Hellege Willibrord, 2. Schutzpatroun vun de Lëtzebuerger Massendénger
- Echternacher Springprozession 2019 – 10.243 Teilnehmer
- Echternacher Springprozession 2018 – 8.913 Teilnehmer
- Die Echternacher Springprozession
und der Heilige Willibrord - The dancing procession