Liens . Links
Agenda
 

Lëtzebuerger Massendénger

Update: 19.04.2024
* Oktav 2024
* Präventiounsformatioun fir déi benevol Massendéngerresponsabel
* Bestellfiche fir “Consolatrix-figuren”
* all Informatiounen zur Internationaler CIM-Roumwallfaart 2024 - 1 fräi Plaz fir ee fir Jugendleche Massendénger
* eis Aktivitéiten 2024
* nei Tarcisiusbrochür - Materialzesummestellung* HEI: Op eisem Youtubekanal ass vun elo un, ee klenge Foto-Film zum Déngscht an den Aktivitéite vu Massendénger.

*wëllt Dir eis Newsletteren/op eis Kontaktlëscht opgeholl ginn: mailt eis einfach ee Message (massendenger cathol.lu)

* De Logo vun de “Lëtzebuerger Massendénger” hu mir fir all Par adaptéiert a gouf am Fréijoer 2019 och an all Parsekretariat an un all eis gemellte Massendéngerresponsabel gemailt. Sollt en net méi an Ärer Par ze fanne sinn - Einfach via mail op massendenger cathol.lu nofroen!

Wëll Dir d’Massendéngerarbecht finanziell ënnerstëtzen(fir z.b. d’Lëtzebuerger Massendénger bei enger vun hiren Aktivitéiten ze belounen)?
Mir freeën eis iwwer all Geste op de Konto vun de “Lëtzebuerger Massendénger-Archevêché de Luxembourg”: LU41 0028 4101 1668 9900 (BILLLULL). Ee grouss MERCI fir all Är Ënnerstëtzung.

Iwwersetzung vum Wuert “Massendénger” fir e puer Friemsproochen fir Äre Massendénger zerkläeren:
däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito

Hutt Dir eng flott Aktivitéit mat de Massendénger? Loosst eis d’Informatiounen zoukommen. Mir publizéieren et fir Iech op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger.
Wëllt Dir datt mir Iech besichen? Frot mat Zäit un, vläicht kann ee vun den Ekippemembere bei Iech kommen.
Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger? Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.

garantéiert Permanencen Massendéngerzentral :
wärend der Oktavzäit (20.04.-05.05.): gären op Rdv
07.05.2024: 9.30 - 12.00
17.05.2024: 15.00 - 18.00
23.05.2024: 15.00 - 18.30
04.06.2024: 14.00 - 17.00

Gäre kennt Dir op Rendez-Vous bäi eis an der Massendéngerzentral laanscht kommen - zéckt net a mellt Iech op massendenger cathol.lu.

An de Schoulvakanzen ass de Büro net besat - braucht Dir awer eppes: zéckt net a mellt Iech via mail an da kennt Dir gär op Rendez-vous an der Zentral passéieren. Mir hunn eng Bibliothéik mat Bicher iwwer Massendéngerarbecht - hei kennt Dir Iech och gären informéieren a Bicher ausléinen oder souguer fir ee Solidaritéitspräis bei eisen Doubletten ofkafen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement