lb fr pt en
 
29. Februar 2024

De Jesus, wéi mir hien net kennen

Kommentar zum 3. Faaschtesonndeg vum Gérard Kieffer (3.3.2024)

Am Evangelium vun dësem Sonndeg gëtt et e bëssen ongemittlech. Mir erliewen e Jesus, deen net douce ass an opmierksam nolauschtert, mee een, dee mat rosener Energie den Tempel zu Jerusalem botzt. En ass offensichtlech zimmlech rosen, stéisst Dëscher ëm an dreift d’Véihändler an d’Geldwiessler eraus. Nom Johannes-Evangelium steet dës Episod ganz um Ufank vum Jesus sengem ëffentleche Wierken. Dat ass den éischten Androck, deen hien hannerléisst.

De Jesus muss gutt Grënn hunn, fir esou aus der Haut ze fueren. Hien wëll eppes an Uerdnung bréngen, e wëll den Tempel erëm zu enger Plaz maachen, wou Gott veréiert gëtt a net eng Maartplaz ass. D’Autoritéite vum Tempel gesinn dat warscheinlech anescht. Schliisslech ass den Tempel d’Plaz, wou d’Mënschen hirem Gott Affer duerbréngen. 

Fir d’Pessach-Fest komme Judde vun no a vu wäit fir hiert Affer ze bréngen, esou wéi déi helleg Schrëften dat virschreiwen. Et kann een net erwaarden, dass d’Schof, d’Geessen oder d’Dauwen iwwer Deeg a Wochen op enger beschwéierlecher Rees matgeschleeft ginn. Dofir ass et gutt, dass dës Affer-Déieren am Haff vum Tempel zum Verkaf ugebuede ginn. Och d’Geldwiessler si néideg fir Suen aus frieme Géigenden an d’lokal Wärung ze wiesselen. Dat si ganz einfach wirtschaftlech Noutwendegkeeten.

Mee de Jesus denkt net u wirtschaftlech Noutwendegkeeten, him geet et ëm d’Räich Gottes an de Wee, fir et ze verwierklechen. Ech denke mir, dass d’Affer vun den Déiere mat der Zäit zu engem profane Ritual ginn ass, deen den eigentleche Sënn - nämlech säi Liewen ze iwwerdenken, ze bereien a nei no de Gebueter vum Härgott auszeriichten - verluer huet. „Wann eng Geess geopfert gëtt, sinn déng Sënne verginn.” (!)

De Jesus erwaart méi. Et geet him ëm Bezéiung - Bezéiung vum Mënsch zu Gott a Bezéiung vum Mënsch zum Nächsten. Relioun riskéiert sënn- an häerzlos ze ginn, wann d’Ritual am Mëttelpunkt steet an d’Gebuet vun der Gottes- a Nächsteléift an den Hannergrond geréit.

D’Evangelium vun dësem Sonndeg betount, dass Christus an d’Welt komm ass, fir se op de Kapp ze stellen an se rëm op d’Schinn ze setzen. Hien ass komm, fir eis heiansdo gestéiert Bezéiung zu Gott an zu eisem Nächsten an zu eis selwer an Uerdnung ze bréngen. An dat ass eng gutt Noriicht. Et gi vill ze vill Saachen, déi eben net an Uerdnung sinn.

Christus ass komm, fir eis ze hëllefen eis ze änneren a fir eis op nei Weeër ze féieren. An dëser Faaschtenzäit si mir invitéiert, eis Ritualer, eis festgetrëppelt Weeër ze iwwerdenken. E Bléck op d’Passioun vu Christus hëlleft eis, eis drun ze erënneren, ëm wat et an eisem Liewe geet: ëm d’Bezéiung zu Gott an zu eisem Nächsten. Ëm Léift a Verzeien an Deelen a Gerechtegkeet fir jiddereen. Villäicht menge mir hei bei eis, dass et jo awer net esou schlecht ëm eis an d’Welt steet - mir mussen awer och zouginn, dass villes besser kéint lafen.

Also: e gudden Ufank um Wee op Ouschtere wär warscheinlech mol ze kucken, wat ze vill ass a mengem Liewen, wat eigentlech scho längst hätt misse geraumt ginn a wat mäi Liewen an dat vun deenen aneren e Stéck besser kéint maachen - esou am Sënn vun Uerdnung maachen, wéi de Jesus et am Tempel gemaach huet.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu