lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gebuert vum Här - Dag ABC

Joh 1,1-5.9-14

1 Am Ufank war d’Wuert, an d’Wuert war bei Gott, a Gott war d’Wuert.

2 Am Ufank war et bei Gott.

3 Alles ass duerch et entstan,an ouni d’Wuert ass och net eppes entstan vun deem, wat entstan ass.

4 An him war d’Liewen,an d’Liewe war d’Liicht fir d’Mënschen,

5 an d’Liicht schéngt an der Däischtert,an d’Däischtert huet et net ugeholl.

9 Dat wierklecht Liicht,dat jidder Mënsch mat Liicht erfëllt, koum an d’Welt.

10 Et war an der Welt, an d’Welt ass duerch et entstan, an d’Welt huet et net erkannt.

11 Et ass an säin Eegentum komm, an seng eege Leit hunn et net opgeholl.

12 Ma all deenen, déi et opgeholl hunn, huet et d’Recht ginn, Kanner vu Gott ze ginn – dat sinn déi, déi un säin Numm gleewen.

13 Si si weder aus Blutt, nach aus dem Wëll vum Fleesch, nach aus deem vun engem Mann gebuer, ma aus Gott.

14 An d’Wuert ass Fleesch ginn, an et huet säin Zelt ënner äis opgeschloen, a mir hunn seng Herrlechkeet gesinn, d’Herrlechkeet vun deem, deen eenzeg an eleng aus dem Papp gebuer ass, voll vu Gnod a Wourecht.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu