Op ee Wuert – E Bibel-Podcast
Nei Episode iwwer "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
An eisem Alldag gebrauche mer nawell dacks Ausdréck oder Wierder, déi hiren Ursprong an der Bibel hunn. An dësem Podcast gi mer der Fro no, wou déi Ausdréck, déi Wierder hierkommen a mir leeën duer, wat deemools, wéi se an de bibleschen Texter gebraucht gi sinn, domadder geméngt war.
De Podcast "Op ee Wuert" ass eng Zesummenarbecht vum Fränz Biwer-Pettinger an dem Service communication et presse a riicht sech allgemeng u Mënschen déi sech fir déi Begrëffer interesséieren.
D'Fränz Biver-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.
De Podcast besteet aus 6 Serien vu jeweils méi Episoden, déi no a no publizéiert solle ginn. An der éischter Serie mam Thema "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn geet et ëm folgend weider Ausdréck:
- de Mam(m)on
- d’Schlaang
- babbelen
- kräischen, wéi eng Madeléinchen
- Hänn, déi an Onschold gewäsch ginn
- Wat ass dat doten e Chrëschtkëndchen!
De Podcast kann een op Soundcloud, Spotify an hei um cathol.lu an der Rubrik "Op ee Wuert" lauschteren.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
D’Mass um 2. Adventssonndeg gëtt vu Miersch iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Kaiser Konstantin, Glücksfall für das Christentum?
Der Besuch von Papst Leo XIV. in Nicäa hat die Bedeutung von Kaiser Konstantin für die Kirche wieder in Erinnerung gerufen.
-
Op ee Wuert – E Bibel-Podcast
Nei Episode iwwer "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
-
Podcast: Épisode 11 – Valdemar dos Santos : « La présence de l'Église derrière les murs »
Valdemar, responsable de la pastorale catholique en milieu carcéral, raconte un quotidien fait d’écoute, d’humanité et d’espérance.