Gemeinden bestatten ihre Toten
De leschte Sonndeg huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg Jean-Claude Kardinol Hollerich am Kader vun enger feierlecher Sonndesmass zu Gréiwemaacher dem Ady Goebel vu Biver d’Beoptragung fir d’Begriefnespastoral am Dekanat Osten ginn. Zesumme mam Liliane Reuland-Effner vu Gonneréng an dem Aloyse Schumacher vu Manternach bilden si zesumme mat de Geeschtlechen d’Equipe vun der Begriefnespastoral an dësem Dekanat.
A senger Priedegt ass den Äerzbëschof besonnesch op d’Wichtegkeet vum Grondsakrament vun der Daf agaangen, well mir all duerch eis Daf den Hellege Geescht geschenkt kruten an domat Undeel um Jesus senger Missioun kruten. Mënschen um Wee vun der Trauer begleeden ass ee läiflecht Wierk vun der Barmhäerzegkeet an eminent wichteg am Liewe vun enger Gemeinschaft déi aus dem Evangelium liewe wëllt. Et ass ee « ministère de la Compassion », deen äis am Numm vu Jesus an der ganzer chrëschtlecher Gemeinschaft opgedroen ass.
Präsent ware bei dëser Geleeënheet, nieft der Directrice vum CFD, och de René Schumacher, Diakon aus dem Dekanat Süden-Ost, deen den Ady Goebel no jorelaanger Erfarung am éierenamtlechen Déngscht, an engem praktesche Stage begleet huet.
Wann dir zu dëser éierenamtlecher Ausbildung nach Froen huet kënn dir eech gär op administration.cfd@cathol.lu ënnert dem Stéchwuert « Begriefnespastoral » mellen oder och direkt um Telefon 621 13 14 18.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Du 26 janvier au 23 mars 2026, deux mois de visites pastorales
Au début de la phase de mise en œuvre du Synode (2025-2028), le cardinal Jean-Claude Hollerich se rendra dans les six doyennés du diocèse.
-
D’Mass vum 25. Januar gëtt vun Hemstel iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Missionários da Comunidade Obra de Maria reforçam pastoral lusófona no norte do Luxemburgo
Quatro missionários da Comunidade Católica Obra de Maria encontram-se em missão no norte do Luxemburgo, onde passam a colaborar na…
-
Zwee nei Projete bei der Fondatioun Sainte-Irmine
De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine huet a senger leschter Sëtzung zwee nei Projete gutt geheescht: Kambodja-Vietnam 2026 a Bourse…