lb fr pt en
Priedegten  
14. Mee 2020

„Ad fontes fidei“ – Zu de Quelle vum Glawen (Devise vum Mgr. Leo Wagener)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (14. Mee 2020)

Hinführung

Eine der größten kirchlichen Herausforderungen unserer Zeit ist die Weitergabe des Glaubens an die kommenden Generationen. Seinen Glauben weitervermitteln und gleichzeitig Zeugnis ablegen für Christus und dessen Botschaft, ist Aufgabe eines jeden Christen. Doch man kann nur weitergeben, was man selber kennt und glaubt. Darum ist es notwendig, dass wir uns als Christen auf unsere Glaubensquellen besinnen. Die elfte Oktavpredigt will uns hinführen zu den Quellen des Glaubens, aus denen wir unentwegt schöpfen dürfen und sogar müssen.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

„Ein starker Rückgang der Gottesdienstbesucher, eine starke Veralterung der Kirchenbesucher, ein abnehmendes Interesse an geistlichen Berufen, eine rapide Abnahme des religiösen Wissens, verbunden mit einem Interesse an religiösen Event-Veranstaltungen ohne starke Nachhaltigkeit.“ – mat dësen zimlech ernüchternde Wierder beschreift den däitsche Jesuit a Fundamentaltheolog Hans Waldenfels déi aktuell kierchlech Situatioun, déi letztlech eppes weist: De Glawe verdonst. Eng Tatsaach, déi sech jo och bemierkbar mécht, wann et ëm eis reliéis Fester geet: Chrëschtdag, d’Fest vun der Menschwerdung Gottes, gëtt zum Cadeaus- a Familljefest; Ouschtern, d’Fest vun der Operstéiung vu Christus, zum Fréijorsfest, wou den Ouschterhues gehoppelt kënnt; Allerhellge gëtt duerch Halloween verdrängt, den hellege Bëschof Niklos gëtt gläichgestallt mam Coca-Cola-Weihnachtsmann an de Pilgergang an d’Oktav gëtt ugesinn – fir eng Ausso vun enger Lycéesschülerin ze gebrauchen – als „e Besuch bei enger Holzpopp“. D’Bedeitung vun eise Fester an d’Wëssen ëm hire reliéisen Inhalt geroden an de Vergiess. Kuerz gesot: De Glawe verdonst!

An esou enger Situatioun gëtt d’Glawensvermëttlung, d’Weidergi vum Glawen, zur Erausfuerderung – eng Erausfuerderung, déi awer ze meeschteren ass, wa mir äis selwer mol erëm de Quelle vun eisem Glawe bewosst ginn an aus hinne scheffen. Gi mir dofir zréck zu de Quelle vun eisem Glawen, esou wéi de Weibëschof, de Mgr. Leo Wagener, äis et all mat sengem Wopesproch un d’Häerz leet. „Ad fontes fidei“ – „Zu de Quelle vum Glawen“.

Zeenewiessel. – E Land am Noen Osten, wou et strengstens verbueden ass, anere vum Jesus ze erzielen a Bibelen ze verdeelen. De Baqur geet all Nuecht op d’Strooss a leet heemlech Bibele virun d’Hausdieren – obwuel hien dofir an de Prisong komme kinnt. De leidenschaftleche Chrëscht wëll, datt d’Leit an den Dierfer ufänken, d’Bibel ze liesen. Säin Asaz dréit Friichten. Wéi hien no puer Méint an en Duerf, wou hien d’Bibele verdeelt hat, zréckkënnt – dës Kéier am Dag – mierken d’Leit, datt hien en Auslänner ass. Hien erkläert hinnen, datt hie Chrëscht ass an d’Leit fänken un him Froen ze stellen. An am Gespréich mierkt de Baqur, datt seng Strategie opgaangen ass. Duerch d’Liese vun der Bibel, sinn etlech Leit zum Glawen u Jesus Christus komm.

Dës op eng wouer Begebenheet baséirend Erzielung weist äis wuel däitlech: D’Bibel gouf fir d’Leit am Land vum Baqur zur Quell vum Glawen. Duerch d’Liese vun der Helleger Schrëft hu si zum Glawe fonnt. Ech sinn iwwerzeegt, duerch d’Liese vun där Schrëft géifen och mir nees zu enger Erneierung vun eisem Glawe fannen. Duerch d’Helleg Schrëft, als Wuert Gottes, gi mir nämlech an d’Déift vun eisem Glawen eragefouert. Mir gi gestäerkt an deem Glawen a fannen Halt, Hëllef an Orientéierung am Liewen. Wonnerbar dréckt et de Katechismus aus: „Dem Wort Gottes aber wohnt eine so große Macht und Kraft inne, dass es für die Kirche Stütze und Leben und für die Kinder der Kirche Gottes, Glaubensstärke, Seelenspeise und reiner, unversiegbarer Quell des geistlichen Lebens ist.“ (KKK 131) Duerch d’Helleg Schrëft – esou schreift de Poopst Franziskus – klappt Jesus Christus un eis Dier a wa mir him d’Dier vun eisem Häerz opmaachen, trëtt hien an eist Liewen eran a bleift bei äis. [1] Duerch d’Liesen an d’Meditéiere vun der Schrëft verdéift sech lues a lues eis Bezéiung zu Christus, deen d’Liewe vun äis Chrëschten ass. Huele mir dofir de Rot vum hellegen Hieronymus un de Priister Nepotianus eecht, dee geschriwwen huet: „Lies sehr häufig die göttlichen Schriften; ja, lege das Heilige Buch nie aus der Hand. Lerne hier, was du lehren sollst.“ Schonns den Hieronymus wousst: Weidergi kënne mir just, wat mir selwer kennen a gleewen! Loosse mir mat neiem Äifer d’Bibel, d’Riichtschnouer vun eisem Glawen, zur Hand huelen. Si ass eis inspiréirend Botschaft vum Liewen an onverzichtbar Quell vum Glawen.

Zeenewiessel. – Den hellege Curé d’Ars geet duerch seng Kierch. Wéi schonns esou dacks, bemierkt hien en einfache Bauer, ouni Buch an ouni Rousekranz am Grapp, awer säi Bléck op den Tabernakel geriicht. Doropshi freet de Curé d’Ars: „Wat knéis du hei, stonnelaang virum Tabernakel?“ An de Bauer äntwert: „Ech kucken hien un an hie kuckt mech un.“

Dës, iech sécher bekannte Geschicht lenkt eise Bléck zu enger weiderer wichteger Quell vun eisem Glawen, nämlech dem Gebiet. All Gebiet ass eng vertrauensvoll Hiwendung vum Mënsch zum Härgott. Ouni vill Wierder mussen ze maachen, triede mir an eng lieweg Bezéiung mat Gott eran. Hie kuckt äis, a mir kucken hien. Oder wéi d’helleg Teresa vun Ávila et ausdréckt: „La prière n’est, à mon avis, qu’un échange intime d’amitié où l’on s’entretient souvent seul à seul avec ce Dieu dont on se sait aimé.“ Änlech seet och de Poopst Franziskus et a sengem Schreiwes Christus vivit: „Mit einem Freund reden wir, teilen wir die geheimsten Dinge. Auch mit Jesus sprechen wir. Das Gebet ist eine Herausforderung und ein Abenteuer. Und was für ein Abenteuer! Es erlaubt, dass wir ihn immer besser kennenlernen, ganz in ihn eintauchen und in einer immer tieferen Verbundenheit mit ihm wachsen.“ (CV 155) Vernoléissege mir d’Gebiet deemno net. Mir brauchen d’Gebiet – dat perséinlecht, wéi och dat gemeinschaftlecht. Denke mir un d’Warnung vum Peter Böhlemann: „Eine Kirche, die nicht betet, gibt ihren Geist auf und geht zugrunde. Ein Christ der nicht betet, verkümmert in seinem Glauben.“

Zeenewiessel. – Roum zur Zäit vum Kaiser Nero. D’Chrëschten treffe sech an de Katakomben zur Eucharistiefeier. Wéi si entdeckt a verhaft a schliisslech virun de Riichter gefouert ginn, seet dësen zu hinnen: „Dir wësst dach, datt heemlech Gottesdéngschter mat der Doudesstrof bestroft ginn.“ An déi verhafte Chrëschten äntwerten: „Mir kënnen ouni d’Eucharistie net liewen.“

Déi éischt Chrëschten – a vill no hinnen – woussten, ëm d’Wichtegkeet an d’Noutwendeg vun der gemeinsamer Eucharistiefeier, der Gediechtnisfeier vun Doud an Operstéiung vu Christus. An der Eucharistiefeier entsteet Communio – Gemeinschaft. Um Dësch vum Wuert an um Dësch vum Brout gi mir zesummen als Kierch an all eenzelne Chrëscht gestäerkt; gi mir geniert duerch d’Wuert vum Härgott an dem Empfang vu Läif a Blutt Christi. Hei begéine mir op eenzeg Aart a Weis Christus, eisem operstanenen Här. Ouni Eucharistiefeier kënne mir net liewen – net als Kierch an net als Chrëscht. Si ass a bleift eng onersetzbar ständeg Quell vun eisem chrëschtleche Liewen an eisem Glawen. Si ass a bleift d’Héichform an d’Héichfest vun eisem Glawen. Sollte mir dofir net nees zesumme méi mat Ehrfurcht op den Inhalt vun eisen Eucharisteifeieren uechten an all Feier déi Würd ginn, déi se verdingt. De Poopst Benedikt XVI. schreift: „Worauf es ankommt, ist, dass wirklich das Wort Gottes und die Realität des Sakramentes im Zentrum stehen; dass Gott nicht von uns zerredet und zerdacht und die Liturgie nicht zu einer Selbstdarstellung wird. Nicht wir machen etwas, nicht wir zeigen unsere Kreativität, also das, was wir so machen könnten. Liturgie ist eben keine Show, kein Theater, kein Spektakel, sondern sie lebt vom Anderen her.“ D’Eucharistiefeier, eng onverzichtbar Glawensquell, ass Gottesdéngscht, dee mir feieren, a mat deem ass net alles kompatibel.

Zeenewiessel. – Eng jonk Uerdensschwëster, spéider bekannt als Mutter Teresa, geet duerch d’Slums vun der indescher Metropol Kalkutta a fënnt op engem Dréckstipp eng Fra, déi hallef dout ass. Hire Kierper war schonns vu Raten ugefriess. Voller Matleed hëlt si sech der Fra un a bréngt se an e Spidol. Do gëtt versicht, d’Schwëster ofzewimmele mam Argument, datt ee fir d’Fra souwisou näischt méi maache kinnt. No heftegem Protest an der Drohung ze bleiwen, bis der Fra gehollef géif, ginn d’Doktere schliisslech no. D’Fra gëtt behandelt an iwwerlieft.

Dës Episod aus dem Liewe vun der helleger Mutter Teresa, der Mamm vun den Äermste vun den Aarmen, féiert äis zu enger weiderer Quell vun eisem Glawen: dem Déngscht um Nächsten, an deem mir Christus begéinen. „Wenn man Christus nahe sein möchte, muss man den Mitmenschen ein Nächster sein, denn nichts ist dem Vater wohlgefälliger, als ein konkretes Zeichen der Barmherzigkeit.“, schreift de Poopst Franziskus a sengem Schreiwes zum Ofschloss vum hellege Joer vun der Baarmhäerzegkeet (Misericordia et misera, 16). A weider rifft hien äis op, Ustrengungen ze ënnerhuele fir der Nächsteléift an eisem Ëmfeld eng konkret Gestalt ze ginn, andeems mir de Matmënsch an de Bléck huelen, an nom Virbild vu Christus Léift a Baarmhäerzegkeet bedingungslos weiderschenken, trei no de Wierder aus dem Johannesevangelium – Wierder, déi iwweregens och op der Grafplack vun der Mutter Teresa stinn: „Liebt einander, wie ich euch geliebt habe.“ (Joh 15,12)

Léif Leit,

„Ad fontes fidei“ – „Zréck zu de Quelle vum Glawen“. Véier onersetzleche Glawensquelle si mir nogaangen: der Quell vun der Bibel, där vum Gebiet, der Eucharistiefeier an där vum Déngscht um Nächsten. Si all hunn eppes weesentleches gemeinsam: Si all entsprangen enger Haaptquell, vun där si gespeist ginn. An déi Quell dréit den Numm Jesus Christus. Letztendlech gëllt et aus där Quell, déi Christus heescht, ze scheffen – jiddweree perséinlech an zesummen als Kierch. Well Christus eleng kann a wäert eisem Glawen eng nei Déift ginn an erqueckend Energie schenken, fir déi grouss Erausfuerderung vun der Glawensvermëttlung un déi kommend Generatioun ze meeschteren.

„Seigneur, je crois en toi, augmente ma foi ;
j’espère en toi, assure mon espérance ;
je t’aime, fais-moi t’aimer de plus en plus“. Amen.

[1Poopst Franziskus, Aperuit illis – Apostolescht Schreiwes zur Aféierung vum Sonndeg vum Wuert Gottes, Roum, 30. September 2019.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu