lb | fr | pt | en |
30 Joer « Équipe Lëtzebuerger Massendénger »
Konveniat mat fréieren Équipememberen a Massendéngerresponsabel
Säit dem Hierscht 1987 gi regelméisseg vun der “Équipe Lëtzebuerger Massendénger” eng Partie Aktivitéiten fir a mat Massendénger aus der ganzer Diözese proposéiert.
D’Équipe hat ee Sonndeg 17.09.2017 op ee klenge Festakt mat fréieren Équipememberen a Massendéngerresponsabel op d’Heringermillen agelueden. Bäi herrlechem Hierschtwieder gouf een Trëppeltour duerch dee flotte Mëllerdall gemaach a mir krute passend Erklärungen iwwer de Schéissentëmpel an och d’Heringermillen.
Beim Apéro gouf deen neie Logo, deen sech op déi 2 Schutzpatréiener (Hellegen Tarcisius an Hellege Willibrord) vun de Lëtzebuerger Massendénger bezitt, virgestallt. Den Här Generalvikar huet am Numm vum Här Äerzbëschof ee puer encouragéierend Wieder un d’Gäscht geriicht.
Uschléissend hu mir eis am Käerespäicher vun der Millen bäi engem gudde Maufel gestäerkt. Hei goufen déi 30 vergaange Joeren mat ville Fotoen revue passéiere gelooss. Deen neie Film iwwer de Massendénger a seng Aufgaben hu mir eis zesummen ugekuckt – dëse Film kritt all Par während der Willibrordusoktav mat enger ausgeschaffter Katechesestonn fir Massendénger zur Verfügung gestallt.
De Gebuertsdagskuch duerft natierlech net feelen, an den Owend gouf gemittlech bäi enger Taass Kaffi ausklénge gelooss.
Jidderengem, deen zum Gelénge vun deem Festdag bäigedroen huet, ee grousse Merci an nach vill Free dam Déngscht vun alle Massendénger aus der ganzer Äerzdiözes.