lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf op Léiffrawëschdag vun der Giischterklaus iwwerdroen
Och als Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 15. August vun der Giischterklaus bei Rouspert iwwerdroen. Et séngt eng Ad-hoc-Choralschola ënnert der Leedung vum Claude Wagner, op der Uergel begleet de Jos Majerus. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Giischterklaus
Virun engem Mount hate vill Uertschaften Héichwaasser. Nach gesäit een an den Dierfer Schued an Dreck, an ’t brauch Zäit fir alles nees an d’Rei ze bréngen. Muncheree freet sech ängschtlech: Wat wäert d’Zukunft bréngen?
D’Héichfest Mariä Himmelfahrt mat sengen ale gregorianesche Gesäng, déi an onser Mass gesonge ginn, wëllt ons hoffnungsvoll no vir kucke loossen. All Kämpf, virun déi d’Liewen ons stellt, wäerten e gutt Enn kréien – esou wéi d’Liewe vu Maria bei Gott seng Vollendung fonnt huet.
Wéi et zënter Joren de 15. August Brauch op der Giischterklaus ass, gëtt dëse Gottesdingscht vun engem sponatanen Ensemble vu Frënn vu gregorianeschem Gesang animéiert. Fannt mat eis an der Klaus oder bei Äeren Empfangsapparter eng besonnesch Atmosphär fir zur Rou ze kommen an Är Häerzer z’erhiewen.
Kuckt och: Muttergotteswoch op der Giischterklaus
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Prélude | Ave Maria de Lourdes | Albert Leblanc |
---|---|---|
Agangslidd | Signum magnum | Gregorianischer Choral |
Kyrie | Choralmesse „Cum iublio“ IX | Magn. 846 |
Gloria | Choralmesse „Cum iublio“ IX | Magn. 847 |
Ruff virum Evangelium | Alleluia Assumpta est | Greg. Choral |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Assumpta est | Greg. Choral |
Sanctus | Choralmesse „Cum iublio“ IX | Magn. 848 |
Anamnes | Mysterium fidei | Magn. 377,2 |
Pater noster | Pater noster | Magn. 378 |
Agnus Dei | Choralmesse „Cum iublio“ IX | Magn. 849 |
Kommioun | Beatam me dicent | Greg. Choral |
Schlusslidd | Maria aufgenommen ist | Gotteslob 522 |
Sortie | Fuga in C (BVW 547) | J.S. Bach |
Chouer: Ad-hoc-Choralschola
Dirigent: Claude Wagner
Organist: Jos Majerus