lb fr pt en
Synod 2021-2024  
30. September 2021

Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun

Invitatioun fir de Lancement vun der diözesaner Phas vun der Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit de 17. Oktober 2021 an der Kathedral vu Lëtzebuerg

Op Initiativ vum Poopst Franziskus gëtt d’Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit, déi ënnert dem Thema “Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun” steet [1], e Sonndeg, de 17. Oktober 2021, an de Lokalkierchen uechter d’Welt lancéiert, dëst eng Woch nom offiziellen Optakt zu Roum. An dëser éischter, diözesaner Phas, déi sech bis Abrëll 2022 hinzitt, soll op d’Vollek Gottes gelauschtert ginn an seng Uleies an Impulser fir d’Kierch vu muer an de weidere synodale Prozess mat afléissen.
Hei zu Lëtzebuerg leede mir déi diözesan Etapp vun der Synod mat enger feierlecher Pontifikalmass e Sonndeg, de 17. Oktober, um 16 Auer an der Kathedral an, zu där de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Iech all ganz häerzlech invitéiert. An dësem Gottesdéngscht gëtt och un d’Konsekratioun vun der fréierer Jesuitekierch an der Stad an haiteger Kathedral viru genee 400 Joer erënnert. D’Priedegt gëtt gehale vum Josy Birsens sj., Auxiliaire vum Provinziol vun der franséischsproocheger Provënz Westeuropa vum Jesuitenuerden.

Confirméiert wgl. Är Presenz bis den 8. Oktober 2021 am Sekretariat vum Äerzbistum (Mail: events@cathol.lu; Tel. 462023 tëscht 9 an 12 Auer).

Wéinst de sanitäre Mesuren ass d’Zuel vun de Plazen an der Kathedral op 300 limitéiert. Denkt wgl. un Är Mask.
Den Accès an d’Kathedral ass iwwer d’Entrée an der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame).

Dir kënnt dëse Gottesdéngscht och am Livestream aus der Kathedral suivéieren...

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu