lb fr pt en
Synod 2021-2024  
4. Oktober 2021

Synod 2021-2023: Lancement zu Lëtzebuerg

De Generalvikar invitéiert

Léif Geeschtlech,
Léif kierchlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter,
Léif Membere vum geweite Liewen,
Léif Chrëschten alleguer,

Dëse Weekend fänkt zu Roum d’Synod 2021-2023 un. Wéi schon um Site cathol.lu virun enger Zäit ugekënnegt, invitéieren ech Iech häerzlech un dësen zwee Evenementer, déi am Kader vum Lancement vun der synodaler Demarche an eiser Diözees stattfannen, deelzehuelen:

1. E Mëttwoch, den 13. Oktober 2021, vun 19.30 – 21.00 Auer, eng ONLINE-BEGÉINUNG (WEBINAIRE) mat eisem Kardinol Jean-Claude Hollerich, Generalrelator vun der Synod, der Sr. Nathalie Becquart, Ënnersekretärin vun der Synod, an dem Direkter vum Weltgebietsnetz vum Poopst, dem Frédéric Fornos sj. Zesumme wëlle mir eis iwwer d’„Synodalitéit nom Poopst François“ aféieren an informéiere loossen. Am Virfeld vun der synodaler Ouverture wiere mir frou, wann Dir grad bei dësem speziellen Evenement derbäi wiert. Aschreiwunge kënnen direkt iwwer dëse Link gemaach ginn: https://www.billetweb.fr/synodalite

2. E Sonndeg, de 17. Oktober 2021, um 16.00 Auer an der Kathedral, ass déi FEIERLECH ERËFFNUNGSMASS vun der synodaler Demarche an eiser Diözees. D’Mass gëtt presidéiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich an ass zugläich als Danksagung fir 400 Joer Jesuitekierch hei zu Lëtzebuerg geduecht. Festpriedeger ass de Pater Josy
Birsens sj. Och fir dës Feier kënnt Dir Är Aschreiwung nach gäre maachen: Mail: events@cathol.lu; Tel. 462023 tëscht 9 an 12 Auer (bis den 8. Oktober).

Eisen Äerzbëschof huet fir dës Demarche eng Synodalekipp an d’Liewe geruff, zu deem dës Persoune gehéieren: Jean-Louis Zeien a Josiane Mirkes, Responsabel; Elena Schmit, Sekretärin; Pedro Rui Manuel Da Silva C.S., Daniel Graul, Clothilde Lacoste, Daniel Sonveaux sj a Sandy Syoen, Memberen.
Mir wënschen hinnen déi néideg Inspiratioun, fir an den Dialog mat ville Fraen a Männer aus eisen Dekanater, Mouvementer, Gemeinschaften an Institutiounen ze trieden, an och doriwwer eraus.

Zesumme wëlle mir dës wichteg Demarche mat Courage ugoen.

Mat menge beschte Gréiss,

Patrick Muller
Generalvikar

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu