
Op ee Wuert – E Bibel-Podcast
"Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
An eisem Alldag gebrauche mer nawell dacks Ausdréck oder Wierder, déi hiren Ursprong an der Bibel hunn. An dësem Podcast gi mer der Fro no, wou déi Ausdréck, déi Wierder hierkommen a mir leeën duer, wat deemools, wéi se an de bibleschen Texter gebraucht gi sinn, domadder geméngt war.
De Podcast "Op ee Wuert" ass eng Zesummenarbecht vum Fränz Biwer-Pettinger an dem Service communication et presse a riicht sech allgemeng u Mënschen déi sech fir déi Begrëffer interesséieren.
D'Fränz Biwer-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.
De Podcast besteet aus 6 Serien vu jeweils 6 Episoden, déi all 1-2 Wochen publizéiert solle ginn. An der éischter Serie mam Thema "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn geet et ëm folgend Ausdréck:
- apokalyptesch Biller
- Rufer in der Wüste
- e Wonner
- arem wéi Job
- een Häerz an eng Séil
- Du Judas!
De Podcast kann een op Soundcloud, Spotify an hei um cathol.lu an der Rubrik "Op ee Wuert" lauschteren.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Garder vivante la mémoire du Votum Solemne
10 octobre, renouvellement de l'élection de la Consolatrice comme patronne de la ville de Luxembourg.
-
Journée mondiale du migrant et fête des retrouvailles de la Maison Iñigo du Christ-Roi
Après la célébration, un apéritif convivial et un repas partagé ont réuni plus de cent vingt convives.
-
D’Mass vum 12. Oktober gëtt vu Mierschent iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Maddalena Capurso : « Notre emploi est une mission »
Rencontre avec la nouvelle collaboratrice de la Pastorale des Jeunes.