Skip to main content Skip to page footer

Tëleesmass

Live & Replay

Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay kënnt Dir d'Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil. 

Programm vun der Sonndesmass

Den 4. Januar gëtt d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. D'Choralle Sainte-Cécile vun Uespelt an d‘Chorale Sainte-Cécile vun Helleng sangen d'Mass ënnert der Direktioun vum Bernadette Kayser-Waldbillig a begleet vum Sidney Scho op der Uergel. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D‘Choralle Sainte-Cécile vun Uespelt an d‘Chorale Sainte-Cécile vun Helleng

D‘Choralle Sainte-Cécile vun Uespelt a vun Helleng sangen zënter en etlech Joren zesummen. Haut prouwen a sange mir zu 25 Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktion vum Bernadette Kayser-Waldbillig a mir gi begleet vum Sylvain a vum Alain Besch op der Uergel oder um Piano. Mir sange weltlech Concert’en a réligiéis Déngschter a mir verschéineren d‘Festivitéiten an der Fréisenger Gemeng mat eisem Gesank.
Hutt Dir Freed um méistëmmege Chouergesank, da kommt bei eis! Mir freeën eis iwwer jiddfer neie Member. Dir sidd jidderzäit wëllkomm! Eis Prouwe si Méindesowes vun 20 bis 22 Auer am Proufsall an der Annexe vum Uespelter Schlass. 
 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Improvisatioun Sidney Scho
Agangslidd Ein Stern ging auf im Osten  LD 406
Kyrie Weihnachtsmesse Krippes / Müller
Gloria Weihnachtsmesse Krippes / Müller
Zwëschegesang Ein Kind geborn zu Bethlehem LD 392
Credo gëtt gebied  
Gowelidd C’est Noël (sur Amazing Grace) Rolland / Cazade
Sanctus Weihnachtsmesse Krippes / Müller
Anamnes Adeste Fidelis, refrain (venite adoremus) Reading / Joosen (LD 389)
Agnus Dei Weihnachtsmesse Krippes / Müller
Kommiounslidd Nun freut euch ihr Christen Reading / Joosen
Schlusslidd Tollite hostias C. Saint-Saëns
Sortie (Uergel) Improvisatioun Sidney Scho

Den 28. Dezember gëtt d’Sonndesmass vu Sprénkeng iwwerdroen. D'Chorale Ste-Cécile Schuller-Sprenkeng séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Robert Kass, begleet vum Claude Heuschling um Piano, Pascale Philippy op der Querflütt a Claude Morang um Cajon. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

Chorale Ste Cécile Schuller-Sprenkeng

Zënter 75 Joer ass d’Chorale Ste Cécile Schuller-Sprenkeng lo ënnerwee, net nëmme bei der Matgestaltung vun de Sonndesmassen an alle kierchleche Fester oder Feieren, mais och mat regelméissege weltleche Concerten.

Mir versiche fir all Geleenheet déi richteg Téin a virun allem déi richteg Stëmmung ze geroden. Dofir probéiere mer permanent eise Repertoire an all méiglech Richtungen ze erweideren. Jiddereen, deen déi Freed um Sangen a geselleger Atmosphär  wëllt mat eis deelen, ass häerzlech wëllkomm.

Einfach mol bis laanscht kommen. Prouwe sin ëmmer Donneschdes um 20.00h am Home St Joseph zu Schuller.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Joy to the world G.F. Haendel / arr.: Gary Lanier
Agangslidd In der Nacht von Bethlehem  Peter Strauch
Kyrie Messe de Saint Pardoux Claire Lebert-Lauvergne
Gloria Gloire à Dieu  Menoud / Groslambert
Alleluja Jubilate (Alleluia) nach D. Bortniansky
Credo gëtt gebied  
Gowelidd Weihnachts Wiegenlied J. Rutter
Sanctus Messe de Saint Pardoux Claire Lebert-Lauvergne
Anamnes Venite adoremus LD 389
Agnus Dei Messe de Saint Pardoux Claire Lebert-Lauvergne
Kommiounslidd Leise erklingen Glocken der Liebe
Aus dem Himmelssall
nach W.A. Mozart
Goldschmit / Georgen (LD394)
Schlusslidd Hosanna in excelsis arr.: Klaus Heizmann
Sortie (Uergel) Präludium und Fuge G Dur BWV 860 J. S. Bach

Programm vun der Mass op Chrëschtdag an der Kathedral – 25. Dezember

Et séngt d’Maîtrise Ste-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ënnert der Leedung vum Marc Dostert a begleet vum Paul Breisch op der Haupt/Rieger-Uergel an Charel Breisch op der Westenfelder-Uergel.

Chant d’entrée Puer natus est ch. grégorien
Kyrie Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Gloria Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
1ère lecture Jubelt, ihr Lande, dem Herrn
+Versets du ps. 98
Mag. 484-1
Acclamation de l’Evangile Hodie Christus natus est D. Card. Bartolucci
Credo III
Et incarnatus est
ch. grégorie
O. di Lasso
Offertoire Chrëschtlidd J. Kinzé
Sanctus Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Agnus Dei Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Communion Orgue  
Action de grâce Es ist ein Ros’ entsprungen arr.: M. Praetorius
Chant final Aus dem Himmelssall Mag. 819 /arr.: A. Leblanc
Sortie Toccata en fa majeur Ch.-M. Widor

Rondërem d'Feierdeeg vu Chrëschtdag gi folgend Massen iwwerdroen:

  • Helleg Owend, de 24. Dezember, ëm 22h30 Auer d'Chrëschtmetten aus der Kathedral  op Apart-TV, RTL (éischte Kanal) a cathol.lu;
  • Chrëschtdag, de 25. Dezember, ëm 10.30 Auer d’Pontifikalmass aus der Kathedral op Apart-TV, RTL ZWEE a cathol.lu.

Klickt hei fir d'Tëleesmass op cathol.lu ze kucken >

 

D’Maîtrise vun der Kathedral séngt d’Chrëschtmetten an d’Pontifikalmass op Chrëschtdag

D’Maîtrise vun der Kathedral, 1844 als Männerchouer gegrënnt, huet sech developpéiert a vun 1965 un och Sängerinnen an hir Reien opgeholl. Si séngt bei deene grousse Geleeënheeten an de Kathedralsgottesdéngschter wéi d’Oktav, den Te Deum fir Nationalfeierdag, Chrëschtdag an Ouschteren an déi aner grouss Feierdeeg, bei ville Pontifikalmassen, awer och fir Concerten (wéi „Au seuil de l’Avent“) a bei nationalen a reliéis-kulturellen Evenementer in- an ausserhalb vun der Kathedral, regelméisseg och zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.

 

Programm vun de Chrëschtmetten aus der Kathedral – 24. Dezember

Et séngt d’Maîtrise Ste-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ënnert der Leedung vum Marc Dostert, begleet vum Paul Breisch op der Haupt/Rieger-Uergel an Charel Breisch op der Westenfelder-Uergel. 

Vigile
Entrée Nun komm, der Heiden Heiland J.S. Bach
Invitatoire Tochter Zion G.Fr. Händel
Hymne O little town of Bethlehem arr.: R. Vaughn Williams
1ère lecture Heute ist uns der Heiland geboren
Carol of the bell
Mag. 149,2
M. Leontovich
2ième lecture Le bel ange du ciel arr. : Fr.-A. Gevaert
Placement de l’enfant Jésus dans la crèche O, come all ye faithful arr.: D. Willcocks
     
Messe
Kyrie Licht, das uns erschien Mag. 129
Gloria Les anges dans nos campagnes arr. : P. Hermans
1ère lecture Aujourd’hui, un sauveur nous est né
+Versets du ps. 95 
M. Wackenheim
Acclamation de l’Evangile Freu’ dich Erd’ und Sternenzelt arr.: H. Schroeder
Credo gëtt gebied  
Offertoire Christmas Lullaby J. Rutter
Sanctus Heilig, heilig, dreimal heilig Mag. 817-4
Agnus Dei Agneau de Dieu reconnu par les bergers J. Akepsimas
Communion Chrëschtdag Th. Decker; arr.: N. Sunnen
Action de grâce Still, still, still arr.: Ph.Ledger
Sortie Prélude et danse fuguée G. Litaize

 

Programm vun der Mass op Chrëschtdag an der Kathedral – 25. Dezember

Et séngt d’Maîtrise Ste-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ënnert der Leedung vum Marc Dostert a begleet vum Paul Breisch op der Haupt/Rieger-Uergel.

Chant d’entrée Puer natus est ch. grégorien
Kyrie Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Gloria Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
1ère lecture Jubelt, ihr Lande, dem Herrn
+Versets du ps. 98
Mag. 484-1
Acclamation de l’Evangile Hodie Christus natus est D. Card. Bartolucci
Credo III
Et incarnatus est
ch. grégorie
O. di Lasso
Offertoire Chrëschtlidd J. Kinzé
Sanctus Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Agnus Dei Missa ‘Princeps Pacis’ W. Lloyd Webber
Communion Orgue  
Action de grâce Es ist ein Ros’ entsprungen arr.: M. Praetorius
Chant final Aus dem Himmelssall Mag. 819 /arr.: A. Leblanc

Den 21. Dezember gëtt d’Sonndesmass vu Rëmeleng iwwerdroen. D'Chorale Ste-Cécile Rëmeleng, Chorale St-Pie X Kayl, Chorale Ste-Cécile Téiteng sangen d'Mass ënnert der Direktioun vum Jean-Claude Thilges, begleet vun der Sopranistin Julie Thilges a vum Romain Ludwig op der Uergel . D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

Chorale Ste-Cécile vu Rëmeleng

D’Chorale Ste-Cécile vu Rëmeleng besteet zanter 1860. Jiddereen, dee Freed um Gesang huet, ass wëllkomm. D‘Prouwe si Mëttwochs owes zesumme mat der Chorale St Pie X an der Kayler Kierch.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Choral „Wachet auf, ruft uns die Stimme“ LV 55 Johann Gottfried Walther
Agangslidd O Heiland, reiss die Himmel auf  Fr. Spee (LD 373)
Kyrie Missa Pro Europa J. Berthier
Alleluja Freuet Euch im Herrn Taizé
Credo gëtt gebied  
Gowelidd Laisserons-nous à notre table Akepsimas / Scouarnec (LD 236)
Sanctus Missa Pro Europa J. Berthier
Anamnes Jesus, Christus, operstane vum Doud N. Colombier / L. Kirsch (LD 270)
Agnus Dei Missa Pro Europa J. Berthier
Kommiounslidd Nun komm, der Heiden Heiland (BWV 659)
D’Lidd vum Brudder
Johann Sebastian Bach
Ferdy Fischer
Schlusslidd Peuple qui marchez dans la longue nuit Akepsimas / Scouarnec (LD 380)
Sortie (Uergel) Prelude on "O Come, O Come, Emmanuel"   Matthew H. Corl

E Sonndeg, den 14. Dezember 2025 gëtt d’Téleesmass aus der Familljekierch vu Wëlwerdang mat de Kanner a Familljen aus der Par Ëlwen–Wäiswampich iwwerdroen. D’Lidder vun der Familljemass ginn zesumme vun dräi Choralle gesongen: dem Kannerchouer ADESSO, der portugisescher Chorale CANTO DOS ANJOS an der Chorale Sainte Cécile Wilwerdang. 
Ënnert der Leedung vum Vanessa Simoes an dem Ferdi Kreins animéieren si mat vill Freed a Begeeschterung all Familljemass. Och d’Kanner aus der Katechees maache mat : Si sangen, liesen a spillen eng kleng Zeen. D’Familljemasse gi vun der Equipe Familljegottesdéngscht aus der Par EWe virbereet. Zesumme mat den 3 Choralle freeë mir eis an der Par Ëlwen-Wäiswampich mat Iech den 3. Adventssonndeg ze feieren.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Agangslidd Jo dann ass Advent aus dem Zinglabumm
Kyrie Kumbaya my lord   
Zwëschegesank Seht die gute Zeit ist nah Friedrich Walz; Mähren
Credo gëtt gebied  
Gowelidd On écrit sur les murs Jean-Marie Moureau; Romano Musumarra
Sanctus Santo Jovem  
Anamnes Deinen Tod o Herr verkünden wir  
Agnus Dei Donne la paix Jean-Noël Klinguer
Kommiounslidd Senhor nos tesperamos Melodie : Elvis Presley
Schlusslidd This little light of mine  

Den 7. Dezember gëtt d’Sonndesmass vu Miersch iwwerdroen. D'Chorale Réunie Par Miersch St. François séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Nicolas Leydenbach an op der Uergel begleet vum Carlo Philippe. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D'Chorale Réunie Par Miersch St. François

D’Sängerinnen an d’Sänger vun de Chorallen vu Miersch, Rolleng, Miesdref, Fëschbech-Angelsbierg-Schous, Lëntgen a Lorentzweiler, freeën sech d’Telesmass vum 2. Advent, zesummen ze sangen, ënnert der Direktioun vum Nicolas Leydenbach an op der Uergel begleet vum Carlo Philippe.

Mat Läif a Séil, setzt all eenzel Chorale sech an hirer jeeweileger Par a Gemeng dofir an, fir all kierchlech a weltlech Fester, gesanglech ze verschéineren an d’Leit a freedegen an traurege Momenter ze begleeden. Hutt Dir Loscht bei enger vun eise Chorallen mat ze maachen, kënnt dir Iech gäre bei eis mellen. Dir sidd häerzlech wëllkomm.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Choral „Wachet auf, ruft uns die Stimme“ LV 55 Johann Gottfried Walther
Agangslidd O Heiland, reiss die Himmel auf  Fr. Spee (LD 373)
Kyrie Missa Pro Europa J. Berthier
Alleluja Freuet Euch im Herrn Taizé
Credo gëtt gebied  
Gowelidd Laisserons-nous à notre table Akepsimas / Scouarnec (LD 236)
Sanctus Missa Pro Europa J. Berthier
Anamnes Jesus, Christus, operstane vum Doud N. Colombier / L. Kirsch (LD 270)
Agnus Dei Missa Pro Europa J. Berthier
Kommiounslidd Nun komm, der Heiden Heiland (BWV 659)
D’Lidd vum Brudder
Johann Sebastian Bach
Ferdy Fischer
Schlusslidd Peuple qui marchez dans la longue nuit Akepsimas / Scouarnec (LD 380)
Sortie (Uergel) Prelude on "O Come, O Come, Emmanuel"   Matthew H. Corl

Den 30. November gëtt d’Sonndesmass vun Aasselbur iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Aasselbur séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Monique Palzer-Weber. Op der Uergel begleet d'Anne Weis-De Jongh. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Ste Cécile vun Aasselbuer séngt d‘Tëleesmass

Scho bal traditionell sange mir och dëst Joer eis Tëleesmass om 1. Advents-Sonndeg. Dëst Joer feiere mir rëm zesumme mat der Amicale vun de fräiwëllege Pompjeeën, déi all Joer am Dezember hir Schutzpatréinesch, déi Helleg Barbara, éieren. 
Eise Chouer besteet well säit 1868 an et mecht ëmmer rëm Freed an sou enger flotter Equipe souwuel kierchlech, wéi weltlech ze sangen. Mir hunn all Mëttwochs Prouf a probéieren och fir all Mass ee schéine Programm, mat deels neie Lidder, anzeprouwen. Fir de Moment hu mir 20 aktiv Sänger(innen), an et ass jidderee wëllkomm, dee gäre séngt. Avis aux amateurs.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Entrée en sol Majeur J. de Montber
Agangslidd Komm, du Heiland aller Welt Markus Jenny
Kyrie Tau aus Himmelshöhn (Mag 103) Maria Luise Thurmair /arr. Anne Weis
Alleluja Still zünden wir ein Licht nun an Lorenz Maierhofer
Credo gëtt gebied  
Gowelidd Wann kommest du, mein Heiland Manfred Hössl /arr. Anne Weis
Sanctus Messe de Sainte Odile Philippe Robert /arr. Anne Weis
Agnus Dei Messe de Sainte Odile Philippe Robert /arr. Anne Weis
Kommiounslidd Advent ist ein Leuchten Lorenz Maierhofer
Schlusslidd Sankt Barbara unbekannt
Sortie (Uergel) Wachet auf, ruft uns die Stimme   Johann Gottfried Walther

Aner Sonndesmassen op der Tëlee:

Deeglech Massen:

D'Sonndesmass kucken

Live & Replay

Kontakt

Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d'CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, teleesmass@cathol.lu

Du hues eng Mass verpasst?

Oder se ass net am Replay ze fannen? Nët schlëmm, eng Partie Massen ginn vun eisem Service selwer opgeholl oder vun engem vun eise Partner.

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnam an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, apartTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte-Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!