Tëleesmass
D'Iwwerdroung vun der Sonndesmass
Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“: vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um ApartTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.
Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.
Live & Replay
Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay kënnt Dir d'Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil.
Programm vun der Sonndesmass
Den 8. September gëtt d’Sonndesmass vun Houschent iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Hoscheid séngt ënnert der Direktioun vum Carlo Wagener. Op der Uergel begleet de Robert Depta. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte-Cécile Houschent
D’Chorale Sainte Cécile Houschent mat hiren aktuell 12 Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Carlo Wagener ënnerstëtzt mat hirem Gesank d’Massen, d’Begriefnismassen a Festlechkéeten zu Houschent, Houschter-Déckt an deelweis och an aner Dierfer aus der Gemeng Parc Housen.
D’Prouwen sinn Méindes Owes an der Kiirch zu Houschent an all neie Member ass häerzlech wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Pastorale (BWV 590) | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Louez le Seigneur | Co Oremus / E. Baranger |
Kyrie | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Gloria | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Tëschegesank | Lobe den Herrn, meine Seele | Mag. 759,1 |
Alleluja | Alléluja, Alléluja | LD 208 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Lobe den Herrn meine Seele | LD 70 |
Sanctus | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Anamnes | Wir preisen deinen Tod | LD 267 |
Agnus Dei | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Kommiounslidd | Amazing Grace | Traditional |
Schlusslidd | Tournez les yeux | Jean-Luc Moens |
Sortie (Uergel) | Gigue (BWV 590) | J.S. Bach |
Den 1. September gëtt d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d'Solistin Patricia Freres. Op der Uergel begleet de Jonathan Grün. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Solistin an den Organist
Patricia Freres est une soprano luxembourgeoise dotée d'une présence émotionnelle particulièrement expressive et apporte à son art vocal un élan naturel de comédienne.
Née à Esch/Alzette au Luxembourg, elle suit une formation en danse à l'Académie de Danse Germaine Damar, et termine ses études au Conservatoire avec grand succès.
Patricia Freres a développé une large palette vocale et stylistique, qui s'appuie sur l'opéra classique-romantique jusqu'au théâtre musical expérimental actuel à concevoir scéniquement.
Outre des productions musicales sur scène, Patricia Freres a présenté des chansons et des programmes d'arias. Une riche activité de concerts, dans lesquels elle convainc régulièrement le public avec sa voix et son expressivité.
Jonathan Grün - organiste
Originaire de Thionville en France, il apprend le piano et commence tôt à accompagner les messes à l'orgue.
Il suit alors une formation d'organiste liturgique auprès de Raphaële Garreau de Labarre.
Jonathan Grün est actuellement organiste à Eischen et Hobscheid, et chef de choeur de la chorale d'enfants "Mini-Choeur" à Arlon.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Allegro aus Toccata in C-moll | Georg Muffat |
---|---|---|
Agangslidd | - | - |
Kyrie | Messe in G-Dur | Franz Schubert |
Gloria | Deutsches Hochamt | Johann Michael Haydn |
Alleluja | Hallelujah | Georg Friedrich Händel |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maria | Franz Schubert |
Sanctus | Deutsches Hochamt | Johann Michael Haydn |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Anamnes | Il est vivant | LD 269 |
Agnus Dei | Gott ist mein Hirte | Antonin Dvorak |
Kommioun (Uergel) | Verbum supernum | Alexandre Guilmant |
Schlusslidd | Amazing grace | Roland Erben |
Sortie (Uergel) | Festive postlude | Paul Fey |
Den 25. August gëtt d’Houmass vun Wäiswampech iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Weiswampach séngt ënnert der Direktioun vum Edmond Kremer, begleed op der Uergel vum Julien Landers. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte-Cécile Weiswampach
Aus engem Männerchouer, deen seng Ursprëng am Aafank vam 20. Joerhonnert haat, hatt sech am Jôr 1976 een gemëschten Gesangvereng, ënnert der Bezeechnung „Chorale Sainte-Cécile Weiswampach“, forméiert, deen sëch zur Aufgab gestallt hatt, den Kirichegesang ze pflegen, d’Gottesdéinster an t’Kirichefester ze verschingeren, su wie o op weltlicher Basis mattzewiriken. De Wämper Gesang besteht hockt aus 21 aktiven Sänger*innen.
Fir di reliéis a weltlech Optrëtter virzebereeden, prouwt eis Chorale, all Donnesdig ëm 20.00 Auer an der Kirich zu Wäiswampich, ënnert der Leedung vam Edmond Kremer.
Mirr sën ëmmer gären bereed fir néi Sänger*innen an eiser Mëtt opzehualen. Jiddereen, dee Fréid aam Sangen hatt (Gesangserfahrung a Noutenkenntnisser sën nët erforderlich), ass ganz härzlich bei eis wëllkomm. Bass Du interesséiert, da hual einfasch Kontakt matt eis op oder komm eis an enger van eisen Prouwen beséichen, mirr fréien eis iwwer all Ennerstëtzung.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Präludium in C – BWV 545 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | In nomine - Missa Harmonia Mundi | Lorenz Maierhofer |
Kyrie | Kyrie - Messe | Carl Frey |
Gloria | Jubilez, criez de joie | Frère Jean-Baptiste du Jonchay |
Tëschegesang | Cantate Domino | Karl Jenkins |
Alleluja | ||
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Aimer, il suffit d’aimer | Georges Lefebvre |
Sanctus | Sanctus + Benedictus - Messe | Carl Frey |
Anamnes | gëtt gebiet | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei - Messe | Carl Frey |
Kommioun | In Remembrance | Ragan Courtney / Buryl Red |
Schlusslidd | Peuple de Dieu, marche joyeux | Didier Rimaud / Christian Villeneuve |
Sortie | Fuge in C – BWV 545 | Johann Sebastian Bach |
Den 18. August gëtt d’Houmass vun Kierchen iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain séngt ënnert der Direktioun vum Edmond Kremer, begleed op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Präludium in Es | G.Merkel |
---|---|---|
Agangslidd | Christ aujourd’hui nous appelle | CL.Bernard – M. Wackenheim |
Kyrie | St.Jousef-Mass – 2 st. | Josy Klosen |
Gloria | Gloire à Dieu dans le ciel | |
Tëschegesang | ||
Alleluja | Halleluja | Alexander-David Nuber |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Comme un souffle fragile | Pierre Jacob, Gaëtan de Courrèges |
Sanctus | Sanctus | Paroquia de Sao Pedro do Prior Velho |
Anamnes | gëtt gebiet | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | St.Jousef-Mass – 2 st. | Josy Klosen |
Kommioun | Prenez et mangez | Marcel Dazin |
Schlusslidd | Wir bitten um den Segen | Alexander-David Nuber |
Sortie | Grand Choeur | T.Salomé |
Den 11. August gëtt d’Houmass vun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller séngt ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas, begleed op der Uergel vum Jos Majerus. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller
Op der Giischterklaus hu mir keng eege Chorale, ma mir freeën eis verschidde musikalesch Formatioune fir eis Muttergotteswoch begréissen ze kennen. Méi eng enk Relatioun hu mir mat de Männergesangveräiner vu Rouspert an Uesweller, déi dës Telésmass musikalesch gestalten. Zënter 2003 sange si als Chorale réunie zesummen.
Esou wéi mir all Sonndeg op der Giischterklaus eis Mass gestalten, esou ass och fir dëse Gottesdéngscht bewosst e Programm erausgewielt gi, deen déi vum II. Vatikanesche Konzil gewënschte Participatioun vun alle Gleewegen erméiglecht. Soss am Joer sangen eis Männer ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas gäre Chouerstécker vu Gregorianik iwwert klassesch Wierker bis zäitgenëssesch Kompositiounen. Nom Schoulufank fänken donneschdes owes d'Prouwen nees un. Nei Sänger sinn ëmmer wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Andante alla marcia | Felix Mendelssohn Bartholdy |
---|---|---|
Agangslidd | Girster Pilgerliedlein | Pierre Schilling |
Kyrie | Missa de angelis / Missa VIII | Choraliter |
Gloria | Missa de angelis / Missa VIII | Choraliter |
Tëschegesang | Kostet und seht / Ps 34 | Mag 471 |
Alleluja | Halleluja | Colin Mawby |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Deinem Heiland | |
Sanctus | Missa de angelis / Missa VIII | Choraliter |
Anamnes | Geheimnis vum Glaawen | Mag 1092 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa de angelis / Missa VIII | Choraliter |
Kommioun | Panis Angelicus | César Franck |
Schlusslidd | J'irai la voir un jour | LD 635 |
Sortie | Fuga in G BWV 577 | Johann Sebastian Bach |
De 4. August gëtt d’Houmass vun Äischen iwwerdroen. D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch sangen ënnert der Direktioun vum Francis Lucas a begleed op der Uergel vum Jonathan Grün. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorales réunies vun Äischen - Habscht - Käerch
D’Chorales réunies vun Äischen – Habscht – Käerch hu sech zesumme gedoen, fir gemeinsam ze prouwen, op de groussen Feierdeeg d’Massen, Begriefnismassen an Concertën ënnert der Direktioun vum Francis Lucas ze sangen.
Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eiser Mëtt begréissen fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Aktivitéiten ze verschéineren.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Jonathan Grün | |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | LD 090 |
Kyrie | Kyrie | Glesener |
Gloria | Gloria | Isabelle Fontaine |
Tëschegesang | Dein Erbarmen o Herr | GL 657,3 |
Alleluja | Alleluia | LD 206 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Pain des merveilles | |
Sanctus | Sanctus | Glesener |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei | Glesener |
Kommioun | May the road | |
Schlusslidd | Tu es Petrus | Lamberty |
Sortie | Jonathan Grün |
Den 28. Juli gouf d’Houmass vun Eeschwëller (Wooltz) iwwerdroen. D’Chorale Stainte-Cécile Beetebuerg huet ënnert der Direktioun a begleed op der Uergel vum Sonja Berscheid-Schmit gesong. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte-Cécile Eschweiler
1923 wurde die CHORALE SAINTE CECILE aus Eschweiler vom damaligen Lehrer Jos Harpes gegründet. 1969 übernahm Georges Wiltgen den Organisten- und Dirigentenposten vom Chor. 1970 nahm er auch Frauen in den einst reinen Männerchor auf. Im Jahre 2000 übernahm Yves Plier die Leitung als Dirigent und Organist, sowie das Amt vom Präsidenten.
2022 fand erneut ein Wechsel statt, so dass Sonja Berscheid-Schmit den Chor dirigiert, die Orgel spielt und auch Präsidentin wird.
Der Gesangverein der heute aus 7 Damen und 6 Herren besteht, feierte 2023 sein 100 jähriges Bestehen. Die Festivitäten zogen sich über Monate hin. Begonnen wurde mit einer Fotoausstellung, gefolgt von einem Festgottesdienst mit anschließendem Empfang, für alle früheren Mitglieder des Chors. Abgeschlossen wurde das Jubiläumsjahr im Dezember 2023 mit der Herausgabe einer Chronik sowie einem Konzert gesungen von der Chorale Ste Cécile Eschweiler.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Voluntary I andante | John Stanley |
---|---|---|
Agangslidd | Chantez, priez, célébrez le seigneur | Hubert Bourel |
Kyrie | Herr erbaarm dech | Lëtz. Soul Mass |
Gloria | Sangt dem Kinnek „Gloria“ | Lëtz. Soul Mass |
Alleluja | Alleluia, Jesus Sauveur | Gilles du Boullay |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Seigneur, fait de moi un instrument | Jo Akepsimas |
Sanctus | Sangt all „Helleg“ | Lëtz. Soul Mass |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Anamnes | Jesus Christus | Noël Colombier |
Agnus Dei | Mir waarden op den Här | Lëtz. Soul Mass |
Kommioun | Jesus nahm das Brot | Peter Strauch |
Schlusslidd | Séng Hand féiert mech | Lëtz. Soul Mass |
Sortie (Uergel) | Grand choeur | Theodore Salomé |
Den 21. Juli gouf d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Beetebuerg huet mat der Dirigentin Myriam Schartz gesong. Op der Uergel huet de Romain Ludwig begleet . D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg
De Beetebuerger Kierchechouer ass offiziell 1889 als Männerchouer gegrënnt ginn. Ënnert der Direktioun vum Schoulmeeschter Maas koum e Bouwechouer derbäi an 1965, ënnert der Direktioun vum Josy Kirpach, ass e gemëschte Chouer entstanen. Dëse Chouer besteet nach bis haut an iwwerhëlt an der Par d’Gestalte vun de Sonndesmassen, op Ufro och Requiemen an Hochzäiten.
De Prouwdag ass Donneschdes an der Kierch um Ducksall, vun 19.30 Auer bis 21 Auer. D’Direktioun gëtt assuréiert vum Myriam Schartz, op der Uergel spillt den Organist Romain Ludwig. All neie Member ass bei eis häerzlech wëllkomm. R.V. ass bei eis um Ducksall.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Introduktioun iwwert d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilez, criez de joie | Fr. Jean-Baptiste du Jonchay |
Kyrie | Messe de la bienveillance | Jean-Luc Ponzio |
Gloria | Messe de la bienveillance | Jean-Luc Ponzio |
Alleluja | Halleluja, meine Seele | Trad. Brasilien T.&S.: Jean Kleeb |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | O Dieu, laisse-nous t’offrir toutes nos vies | Jean-Luc Ponzio |
Sanctus | Messe de la bienveillance | Jean-Luc Ponzio |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Anamnes | Il est vivant | LD 269 |
Agnus Dei | Messe de la bienveillance | Jean-Luc Ponzio |
Kommioun | Jésus tu nous as dit | Jean-Luc Ponzio |
Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | Joseph Mohr |
Sortie (Uergel) | Fuga BuxWV174 | Dietrich Buxtehude |
Aner Sonndesmassen op der Tëlee:
- Radio Latina, 9h (Radiosmass aus der Kierch zu Bouneweg) (pt)
- ZDF, 9h30 (abwechselnd katholischer und evangelischer Gottesdienst) (de)
- BibelTV, 10h (de)
- RAI Uno, 10h55 (Santa messa) (it)
- France 2, 11h (Jour du Seigneur) (fr)
- RTPI-1, 11h30 (Eucaristia domenical) (pt)
- KTO, 18h30 (fr)
- RTBF Auvio, 11h (Livestream) (Cultes catholiques) (fr)
Deeglech Massen:
- BibelTV, Wiertes um 8h (Kölner Doum) (de)
- KTO, Wiertes um 18h15 (fr)
Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!
Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnam an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dokTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.
Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte-Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!