Skip to main content Skip to page footer

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2025-2026

Elo als PDF verfügbar

D'Editioun 2025-2026 vum Ordo archidioecesis luxemburgensis ass am Drock. Mir invitéieren Iech, Är Exemplairë bis spéitstens e Méindeg, de 27. Oktober 2025, ze bestellen. D'Participatioun un de Käschte bleift wéi déi lescht zwee Joer bei 22 Euro pro Ordo (Porto mat abegraff). - D'Liwwerung ass fir Mëtt November geplangt.
 

FIR D’POREN

Wéi déi lescht Jore maachen d'Poren d'Bestellung vum Ordo exklusiv iwwer de Webshop vum Kierchefonghttps://kierchefong.lu/shop

Fir Duplikatiounen ze vermeiden an d'Bestellung ze erliichteren, ass et unzeroden, eng Persoun pro Por ze designéieren, déi eng zentraliséiert Bestellung iwwer de Webshop mécht. Allerdéngs muss eng Bestellung pro gewënschte Liwweradress gemaach ginn.
 

ANER COMMANDEN

All aner Commanden, déi net fir d’Pore sinn, kënne bis de 27.10. iwwer dëse Link gemaach ginn: https://formulaires.cathol.lu/ordo

Den Ordo kann och per Telefon bestallt ginn: Tel. 462023 (moies vun 9 bis 12 Auer).
 

ORDO ALS DOWNLOAD

Den Ordo ass och an enger elektronescher Versioun (PDF) verfügbar. Dir kënnt en elo scho gratis eroflueden ënnert dësem Link.

Mir bleiwe fir eventuell Froen zu Ärer Verfügung.

Mat beschte Gréiss,
D’Bistumsverwaltung

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Headlines

Read more

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2025-2026

Volle Kirche für „Moses, Prinz von Ägypten“

D’Mass vum 12. Oktober gouf vu Mierschent iwwerdroen

Garder vivante la mémoire du Votum Solemne