Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2025-2026
Elo als PDF verfügbar
D'Editioun 2025-2026 vum Ordo archidioecesis luxemburgensis ass am Drock. Mir invitéieren Iech, Är Exemplairë bis spéitstens e Méindeg, de 27. Oktober 2025, ze bestellen. D'Participatioun un de Käschte bleift wéi déi lescht zwee Joer bei 22 Euro pro Ordo (Porto mat abegraff). - D'Liwwerung ass fir Mëtt November geplangt.
FIR D’POREN
Wéi déi lescht Jore maachen d'Poren d'Bestellung vum Ordo exklusiv iwwer de Webshop vum Kierchefong: https://kierchefong.lu/shop
Fir Duplikatiounen ze vermeiden an d'Bestellung ze erliichteren, ass et unzeroden, eng Persoun pro Por ze designéieren, déi eng zentraliséiert Bestellung iwwer de Webshop mécht. Allerdéngs muss eng Bestellung pro gewënschte Liwweradress gemaach ginn.
ANER COMMANDEN
All aner Commanden, déi net fir d’Pore sinn, kënne bis de 27.10. iwwer dëse Link gemaach ginn: https://formulaires.cathol.lu/ordo
Den Ordo kann och per Telefon bestallt ginn: Tel. 462023 (moies vun 9 bis 12 Auer).
ORDO ALS DOWNLOAD
Den Ordo ass och an enger elektronescher Versioun (PDF) verfügbar. Dir kënnt en elo scho gratis eroflueden ënnert dësem Link.
Mir bleiwe fir eventuell Froen zu Ärer Verfügung.
Mat beschte Gréiss,
D’Bistumsverwaltung
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Le « Statu quo » dans les sanctuaires chrétiens de Palestine
Les explications de Gilles F. Bonnaud, auteur du livre « Sanctuaires chrétiens en Palestine ottomane ».
-
DBK-Delegation informiert sich über Staat-Kirche-Verhältnis
Vor kurzem weilte eine Delegation der Deutschen Bischofskonferenz unter Leitung von Bischof Dr. Peter Kohlgraf in Luxemburg, um sich über das hiesige…
-
D’Mass um 2. Adventssonndeg gëtt vu Miersch iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Kaiser Konstantin, Glücksfall für das Christentum?
Der Besuch von Papst Leo XIV. in Nicäa hat die Bedeutung von Kaiser Konstantin für die Kirche wieder in Erinnerung gerufen.